WEIDER NIDDERLAG FIR EIS RESERVEN
08 October 2021
Och zu Kënzeg war fir eis zweet Ekipp näischt ze huelen. Um fënnefte Spilldag hunn d'Spiller vum Trainer Leo Demukaj eng 1:6-Nidderlag kasséiert a sinn domatt fir d'drëtt hannereneen als Verléirer vum Terrain gaang. An der Paus stoung et schonn 4:0 fir d'Lokalekipp.
EKIPP FC IZEG: Sprunck, Marques, Van Nugteren, Manzoni, Denauw, Couto, Draca, Kemelharen, Rocha, Neu, Ziebart (Reserve: Lambert, Demukaj, Gales)
En Dënschdeg, den 19.Oktober spillen déi Blo-Wäiss hiren nächsten Championnatsmatch ëm 20 Auer doheem géngt Stengefort.