WEIDERE SUCCÈS ZU MAMER


22 May 2021

Mam drëtten Auswäertserfolleg hannerteneen verbessert sech eis éischt Dammenekipp virleefeg op déi véiert Tabelleplaatz.

Zu Mamer gouf et e verdéngten 3:0-Succès, nodeem eis Meedercher schonn an der Paus 2:0 vir waren. D'Goler fir d'Entente Izeg/Cebra hunn d'Amal Cherkane (40,') an d'Lisa Noesen (45.+3.' an 77.') geschoss.

Nächste Samschdeg, den 29.Mee geet et weider mam leschten Heemmatch vun der Saison géngt d'Entente Wuermer/Minsbech/Gréiwemaacher. Ustouss ass ëm 19h00 zu Zéisseng.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, K.Noesen, Goncalves, Morgado, Borges, L.Noesen (79.' Nilles), Pedrosa, Kieffer, Amalou (80.' Sousa), Cherkane, Franc (64.' Kettel)