WICHTEG PUNKTEN AM KELLERDUELL


23 November 2021

Eis zweet Ekipp huet sech um 11.Spilldag géngt hiren Tabellennoper Käl-Téiteng matt 7:2 duerchgesat.


Mats Van Nugteren (16.’), Alex Faria (31.’), Pit Ziebart (40.’) a Raphael Manzoni (43.’) haten fir en däitlechen 4:0-Avantage an der Paus gesuergt.

Duerno hunn nach emol Raphael Manzoni (50.’) an Alex Faria (58.’) getraff, de leschten Izeger Gol geet op de Kont vum Bilal Mehanovic (69.’). D’Visiteuren konnten an der 60.’ an 81.’ op 6:1 resp. 7:2 verkierzen.

EKIPP FC IZEG: Sprunck, Simoes, Rust, J.Cillien, R.Marques, Faria, Van Nugteren, Cornes (79.’ Moura), B.Mehanovic (70.’ Neu), Ziebart, Manzoni (65.’ Rocha)

Den Nodrosmatch géngt Stengefort, dee fir nächst Woch ugesat war, hunn déi Blo-Wäiss 3:0 forfait gewonn. Doduerch hunn eis Senior Reserven elo 12 Punkten um Kont a schléissen d’Virronn op der 8.Plaatz of.

D’Reprise ass fir den éischte Weekend am Mäerz geplangt, dann steet en Auswäertsmatch zu Schuller um Programm.