WICHTEG VICTOIRE GÉNGT BEGGEN


16 May 2022

Eis éischt Ekipp huet um 29.Spilldag hire leschten Heemmatch géngt den Avenir Beggen matt 2:1 (1:0) gewonn a bleiwt doduerch an der 1.Divisioun.
 
Den Harun Mehanovic hat déi Blo-Wäiss kuerz virun der Paus a Féirung bruet (42.’), nom Säitewiessel konnt de Flo Tacchi per Elefmeter (52.’) op 2:0 erhéijen. De Beggener Uschlossgol duerch den Denilson Santos ass an der 58.Minutt gefall. Allerdengs hunn d’Wichtelcher de Match an Ënnerzuel misse fäerdegspillen, dëst no enger giel-rouder Kaart fir de Koceila Ben Chabane (77.’).
 
Um Enn huet d’Lokalekipp hire knappe Virsprong iwwert d’Zäit bruet. Felicitatioun un eis Jongen, an un jiddfereen deen drun bedeelegt war, dass eng ustrengend Saison matt engem Happy End ausgaang ass!
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Kona (82.’ B.Mehanovic), Jacinto, Y.Cillien, Tacchi, Costa, Dos Reis, Marques, H.Mehanovic, Faria (89.’ Falkner), Goncalves
 
Nächste Sondeg, den 22.Mee trieden déi Blo-Wäiss um leschte Spilldag ëm 16 Auer zu Sandweiler un.