YVES BLOCK NEIEN TRAINER


07 January 2022

Den FC Blo-Wäiss Izeg huet haut den Yves Block als neien Trainer vun der éischter Ekipp presentéiert. Den Yves war schonn als Spiller, Jugend- an Dammentrainer zu Izeg aktiv a gett assistéiert vum Tomasz Padlikowski, dee fir d'lescht als Co-Trainer zu Käerch engagéiert war.
 
Domatt ass d'Nofolleg vum Paulo Moura gekläert, dee bis virun zwou Wochen fir eis éischt Ekipp responsabel war.

Op dëser Plaatz wëlle mir dem Paulo nach engkéier fir alles, wat hien zënter 2019 fir den FC Blo-Wäiss geleescht huet, villmols Merci soen a mir wënschen him fir d'Zukunft alles Guddes!
 
#fcizeg1941