ZWEE MATCHER, VÉIER PUNKTEN


06 November 2021

Um 9.Spilldag konnt eis éischt Dammenekipp e weidere Succès feieren. Zwee Fräistoussgoler vum Aurélie Clerc an der 31. resp. 90.Minutt hunn fir den 2:0-Erfolleg géngt d’Entente Wëntger/Wolz gesuergt.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA: Schlimé, Goncalves, K.Noesen, Raos, Zarnowski, Morgado, L.Noesen, Jessica Lopes, Clerc, Amalou, Soares (Reserve: Alami, De Jesus, Silva, Pedrosa)

Den nächste Match vun der Entente Izeg/Cebra gëtt samschdes, den 20.November ëm 19 Auer zu Jonglënster gespillt.

No véier Nidderlagen hannerteneen gouf et fir d’Entente Cebra/Izeg II zu Housen en Deelerfolleg. Am Kellerduell beim Tabellennoper Entente Housen/Norden 02 stoung et um Enn 1:1. D’Lokalekipp war schon an der 5.Minutt a Féirung gaang, d’Tessy Gilles konnt an der 26.Minutt den Ausgläich fir eis Meedercher markéieren.

EKIPP ENTENTE CEBRA/IZEG II: R.Lopes, Weis, Dias, Mangen, Da Costa, Schmid, Nilles, Gregorius, Gilles, Jenny Lopes, Keller (Reserve: Maroteaux, Rastoder, Teixeira)

Nächste Géigner ass den Tabellenzweeten aus der Fiels, gespillt gëtt e Samschdeg, den 20.November ëm 19 Auer zu Izeg.

#ICC