ZWEEMOL SCHLECHT BELOUNT


21 November 2021

En onnéidegen Ballverloscht an en Elefmeter hunn eis éischt Dammenekipp um 10.Spilldag zu Jonglënster am Niwwel ëm e bessert Resultat bruet. 
 
Um Enn stoung et 2:1 fir d'Lokalekipp, déi schonn no enger knapper Minutt vun engem Cadeau profitéiert hat fir a Féirung ze goen. Besonnësch no der Paus huet d'Entente Izeg/Cebra eng engagéiert Leeschtung gewisen an no 70 Minutten duerch e Fräistouss vum Aurélie Clerc den 1:1 markéiert. 
 
D'Freed iwert de verdéngten Ausgläich war awer just vu kuerzer Dauer, well nëmmen dräi Minutten méi spéit huet Jonglënster en Elefmeter genotzt, fir de Match fir sech ze entscheeden.
 
EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA: R.Lopes, Goncalves, Pedrosa, Raos, Zarnowski, Morgado, L.Noesen, Jessica Lopes, Clerc, Amalou, De Jesus (Reserve: Boutellaka, Jenny Lopes, Silva)
 
No der Lännermatchpaus steet samschdes, de 4.Dezember ëm 19 Auer den nächste Championnatsmatch zu Hesper um Programm.

-------------------------------------------------------------------------------------------------
 
Fir eis zweet Ekipp hat et géngt den neien Tabellen-Éischten aus der Fiels gudd ugefaang. An der 17.Minutt hat d'Tessy Gilles d'Entente Cebra/Izeg II matt 1:0 a Féirung bruet. Bei dësem Resultat goufen och d'Säite gewiesselt.
 
Direkt no der Paus konnt d'Fiels de Match matt dräi Goler bannent 12 Minutten zu hire Gonschten dréien, fir um Enn matt 3:1 als Gewënner vum Terrain ze goen.
 
EKIPP ENTENTE CEBRA/IZEG II: Martins, Kettel, Mendes, Weis, Schmid, Mangen, Da Costa, Gilles, Dias, Gregorius, Soares (Reserve: M.Maroteaux, Nilles, E.Maroteaux, Alves)
 
Nächste Samschdeg, de 27.November trieden eis Meedercher fir den Ofschloss vun den Aller-Matcher ëm 19 Auer zu Veianen un.
 
#ICC