

ASPORT NEIE PARTNER VUM FC BLO-WÄISS IZEG
Den FC Blo-Wäiss Izeg ass frou, iech kënne mattzedeelen, dass vun der Saison 2025/26 un den ABSOLUTE TEAMSPORT ASPORT eisen neie Partenaire a puncto Ekippement vun eise Spiller, Trainer, Staff a Supporter ass.
Zënter dem 26.August 2025 kann eng ganz Panoplie un Ekippementer entweder iwert de Link
FC Blo WAÏSS IZEG – Absolute Teamsport by Asport
bestallt ginn.
ASPORT selwer këmmert sech ëm d'Liwerung bis heem!
Den FC Blo-Wäiss Izeg ass iwerdeems net an den Oflaf vun de Commanden involvéiert!



