SAISON 2011/12
Ganz am Géigesaatz zu dene Saison'en virdrun huet sech zimlech séier ofgezeechent, dass den FC Blo-Wäiss Izeg dat Joer näischt mam Ofstiegskampf wäert ze dinn hunn. D'Ekipp vum Trainer Luc Muller a sengem Co-Trainer Mike Varnier, déi aus enger gesonder Mëschung aus erfuerene Spiller an Izeger Nowuesstalenter bestanen huet, huet eng ganz zefriddestellend Saison gespillt.
Matt e bësse méi Bëss zum Schluss hätt souguer nach méi kënnen eraussprangen, spréch eng Barrage-Plaatz fir den Opstieg. Trotz allem sollt déi 4. Plaatz eng ganz gutt Leeschtung an e groussen Opschwong par Rapport zu deene Jore virdru bedeiten, soudass déi gutt Nowuessarbecht ugefaangen huet, hir Friichten ze droen.
Nodeem dunn awer ganz iwwerraschend d'Noricht koum, datt de Fusiounsveräin vu Fluessweiler/Beyren sech opgeléist hätt, ass eng zousätzlech Plaatz an der 1. Divisioun fräi ginn, soudass de gléckleche Gewënner huet missen an engem Barragematch ermëttelt ginn.
Sou koum et de 6. Juni 2012 zu Mäerzeg zum Entscheedungsmatch tëscht Izeg a Wëntger. Opgrond vun enger fantastëscher Leeschtung hunn d'Izeger Jongen duerch e verdéngten 3:1 viru 604 Payant'en déi "Orange" vu Wëntger zréck an d'Éislek geschéckt.
D’Goler fir Izeg goungen op de Kont vum Dylan Pinheiro (6.'), Robert Carthy (17.') a Joé Mootz (79.') Tëschenduerch konnt Wëntger op 2:1 verkierzen (50.‘). Domatt haten eis Jongen d'Konschtstéck fäerdeg bruecht, dach nach an d'1. Divisioun opzesteigen.
D'Euphorie bei de blo-wäisse Supporter, déi matt zwee Bussen op Mäerzeg gefuer waren a während 90 Minutten hir Ekipp frenetësch ugefeiert hunn, huet natierlech keng Grenze méi kannt, an et gouf zesumme matt de Spiller bis spéit an d'Nuecht gefeiert.
Kader vun der Opstiegs-Ekipp 2011/12:
Lecio Alexandre Dos Santos, Dylan Almeida, Alain Bliss, Yves Block, Frank Braun, Robert Carthy, Gil Coimbra Farto, Helcio Conegundes, Luis Da Luz Lima, Tom Davito, Daniel De Oliveira Leite, Nadilson Dos Santos, Vitor Duarte Cunha, Charles Etonde, Miguel Felgueiras Da Costa, Chris Felten, Patrick Fergé, Maikel Gomes De Carvalho, Joao Gomes De Oliveira, Helder Goncalves Silva, Leandro Lavinas Mendonca, Kevin Monteiro Ramos, Sergio Monteiro, Joe Mootz, Ailton Oliveira Costa, Anderson Oliveira Costa, Dylan Pinheiro Pinto, Mike Ribeiro Costa, Carlos Rodrigues Sacras, Sam Rumé, Alex Santos Varela, David Schmidt
Trainer: Luc Muller/Mike Varnier
SAISON 2012/13
No deem onerwaarten Opstieg gouf matt enger ganz schwéierer Saison gerechent. Mee d'Ekipp ass relativ gutt an d'Saison erakomm, an huet et, trotz Leeschtungsschwankungen, bis zum Schluss fäerdegbruet, ëmmer op Distanz vun den Ofstiegsplaatzen ze bleiwen.
Ausschlaggebend war och, datt d'Ekipp an der Wanterpaus gezielt verstäerkt gouf duerch zwee erfuere Spiller, den Aldino Medina an de Messaoud Messadia, déi dofir gesuergt hunn, datt de Stuerm an der Réckronn méi Duerchschlagskraaft hat. Als Fazit kann ee festhalen, datt déi Blo-Wäiss sech als Opsteiger daper geschloen hunn an eng gerechten 10. Plaatz konnten erreechen.
Um Enn vun der Saison huet de Coach Luc Muller bekannt ginn, dass hie wäert bei d'Yellow Boys vu Weiler wiesselen.
SAISON 2013/14
Mam neien Trainer Mike Varnier, zesumme matt sengem Assistent Patrick Fergé, huet den FC Blo-Wäiss Izeg déi nei Saison an Ugrëff geholl. Op e furiose Start matt 15 Punkten aus den éischte 7 Matcher, sollt leider eng Negativserie matt nëmmen 3 Punkten aus de folgenden 8 Matcher follegen, wourop de Comité keng aner Léisung gesinn huet, wéi e Schlussstréch ënner déi kuerz Zesummenaarbecht mam Trainerduo ze zéien.
SAISON 2014/15
Nom Ofstieg konnt fir d'Saison 2014/15 mam Georges Menster en neien Trainer fir d'éischt Ekipp engagéiert ginn. Assistéiert gouf hie vum Nico Gilbertz. Den direkten Opstieg war am Virfeld vun der Saison net d'Haaptobjektiv, villméi sollt dofir gesuergt ginn, datt déi relativ jonk Grupp zesummefënnt a sech futtballerësch weiderentwéckelt.
Trotzdem huet et laang Zäit esou ausgesinn, wéi wann déi Blo-Wäiss sech kéinte vir an der Tabell festsetzen. Leider ass der Ekipp an de leschte Matcher ëmmer méi d'Loft ausgaangen an iwwer d'ganz Saison gekuckt huet einfach déi néideg Konstanz gefeelt, soudatt um Enn eng 6.Plaatz erausgesprong ass.
SAISON 2015/16
An der Saison 2015/16 huet den FC Blo-Wäiss Izeg dunn den Opstieg an d'1.Divisioun gepackt. D'Spiller ronderëm d'Trainergespann Georges Menster/Nico Gilbertz hu sech domatt fir eng fantastësch Saison belount.
Um leschte Spilldag konnte sech déi Blo-Wäiss den 22.Mee 2016 zu Zéisseng duerch e 4:1-Auswäertserfolleg géint d'AS Lëtzebuerg-Porto duerchsetzen. Stoung et an der Hallschent nach 1:0 fir d'Heemekipp, esou konnten déi Izeger nom Wiessel duerch Goler vum Luis Laranjo (51.'), Marco Alves (59.'), Alain Schanet (69.') an nach eemol Luis Laranjo (84.') de Match zu hire Gonschten dréien an domatt den Opstieg an d'1.Divisioun perfekt maachen.
De ganze Match iwwer konnt d'Ekipp op d'Ënnerstëtzung vun de matgereesten Izeger Fans zielen. Nom Match huet d'Freed bei de Spiller a Supporter natierlech keng Grenze méi kannt, an den Opstieg gouf laang an ausgeloossen zu Izeg gefeiert.
Marco Alves, Arnaud Assa, Damien Assa, Gil Coimbra Farto, Tom Davito, Chris Felten, Sam Felten, Bruno Fernandes Do Vale, Christian Jung, Enes Kasumi, Sven Kieffer, Jeff Kirsch, Luis Laranjo, Patrick Marques, Tom Mathes, Filipe Neves, Steve Nunes, Thomas Panel, Patrick Pepin, Thierry Pott, Andy Reuter, Joé Reuter, Kai Rotmans, Alain Schanet, Sven Schiltz, Marcel Schoenefeld, Florent Tacchi, Steve Vermeer
Trainer: Georges Menster/Nico Gilbertz
Matt dësem Opstieg ass et der Ekipp an hiren Trainere gelongen, genee wéi schonn 1966 (25.Anniversaire) an 1991 (Joer vum „Cinquantenaire“), dem ganze Veräin a senge Supporter dee schéinste Cadeau fir de 75.Anniversaire vum FC Blo-Wäiss Izeg ze maachen.
Ze bemierke sief och nach, datt déi Saison am Kader vun der éischter Ekipp net manner wéi 8 Spiller stoungen, déi aus de Jugendekippe vum FC Blo-Wäiss stamen.
SAISON 2016/17
Et war déi erwaarte schwéier Saison fir déi jonk Izeger Ekipp, well et hir vun Ufank un net gelongen ass, sech un de Rhythmus vun der 1.Divisioun unzepassen. Schonn no den éischten 3 Nidderlage war d'Opstiegseuphorie verflunn an et war gewosst, datt et eng laang a schwiereg Saison sollt ginn.
Zum Schluss ass dann och logëscherweis déi leschte Plaatz erausgesprongen – eng enttäuschend Saison deemno fir den FC Blo-Wäiss Izeg.
SAISON 2017/18
Fir d'Saison 2017/18 huet de Veräin trotz dem Ofstieg an der viregter Saison um Trainer Tino Marasco festgehalen. Dëst sollt sech als eng gutt Entscheedung erweisen, well den Trainer et fäerdegbruet hat, d'Ekipp ze festegen. D'Resultater sinn duerchaus positiv ausgefall, an obschonn den direkten Neesopstieg keen erkläertend Ziel war, hunn déi Blo-Wäiss bis de leschte Spilldag mam Opstieg geflirt.
Am leschte Championnatsmatch stoungen sech den FC Blo-Wäiss a Beetebuerg um Stade Albert Kongs zu Izeg an engem direkten Duell géigeniwwer; et war dëst en Duell ëm déi 3.Plaatz, déi d'Participatioun um Barragematch erméiglecht hätt. Leider ass dëse Match aus Izeger Siicht matt 1:3 verluergaang, esou dass den Dram vum Opstieg ausgedreemt war an e weidert Joer an der 2.Divisioun ustoung.
SAISON 2018/19
Anescht ewéi dat viregt Joer war d'Zielsetzung fir d'Saison 2018/19 den Opstieg an d'1.Divisioun. Allerdéngs haten d'Spiller vum Trainer Tino Marasco kee gudde Saisonufank erwëscht. Och eng tëschenzäitlech Ophueljuegd mat 21 vu 24 méigleche Punkte war net duergaang, esou dass um Enn vun der Saison nëmmen eng enttäuschend 6. Plaatz erausgesprongen ass, an dat mat engem däitleche Réckstand vun 13 Punkten op de Spëtzentrio Walfer, Beggen an CS Uewerkuer.
An der Trainerfro ass sech drop gëeenegt ginn, d'Zesummenaarbecht mam Tino Marasco net ze verlängeren. Säin Nofolger fir d'Saison 2019/20 gouf de Claude Leogrande.
SAISON 2019/20
Den FC Blo-Wäiss Izeg huet ënnert sengem neien Trainer Claude Leogrande eng fulminant Hironn gespillt. D'Ekipp huet et fäerdegbruet, keen eenzege Match vun der Hironn ze verléieren. Bei 13 gespillte Matcher gouf et 11 Victoiren an 2 Gläichspiller. Ervirzehiewen ass, datt all d'Auswäertsmatcher - am Ganze 6 - konnte gewonne ginn. Matt engem komfortabele Virsprong vu 4 respektiv 12 Punkten op den Tabellen-2. respektiv den Tabellen-3. als Hierschtmeeschter goung et an d'Wanterpaus.
Zu der Réckronn sollt et awer nëmme méi bedéngt kommen, well d’Covid-19-Pandemie d'Gesellschaft, an domatt natierlech och de Sport broochgeluecht huet. Den 22. Abrëll huet d'FLF decidéiert, datt d'Championnat an allen Divisiounen ofgebrach gëtt an déi Ekippen, déi - Stand 22.Abrëll - op enger Opstiegsplaz stinn och opsteigen, während et op däer anerer Säit awer keng Ofsteiger gëtt. Domatt klëmmt den FC Blo-Wäiss Izeg als Champion an d'1. Divisioun.
An der Coupe de Luxembourg huet eis Ekipp - nodeems si virdru schonn Feelen an d'Fiels eliminéiert hat - um Izeger Kiermessonndeg dem Fusiounsveräin FC Déifferdeng 03, genee wéi 1992 schonn der deemoleger AS Déifferdeng, alles ofverlaangt, fir um Enn dann dach onglécklech mat 2:4 duerch zwee Géigegoler an der Nospillzäit ze verléieren, woubäi den Elefmeter zum 2:3 héichëmstridde war. Egal wéi, d'Izeger Jongen haten sech super aus der Affär gezunn!
Den 1.Mee huet de Comité vum Veräin bekannt ginn, datt sech d'Weeër vum FCI an dem Trainer Claude Leogrande no nëmmen enger Saison wäerten trennen. Säin Nofolger als Cheftrainer ab der Saison 2020/21 gouf de Paulo Moura, dee bis dohinn dem Claude Leogrande säi Co-Trainer war.
SAISON 2020/21
Och nom Opstieg ass et direkt nees gutt fir den FC Blo-Wäiss Izeg gelaf. Ënner der Leedung vum neie Coach Paulo Moura ass et gelongen, aus den éischten 8 Matcher 19 Punkten ze sammelen, ënnert anerem mat Erfolleger géint fréier Lëtzebuerger Fussballsgréisste wéi den FC Avenir Beggen an den CS Gréiwemaacher.
Opgrond vun der beonrouegender Entwécklung vun der Covid-19-Pandemie huet den nationale Futtballchampionnat ab dem 23. Oktober 2020 op en Neits missten eng Paus aleeën.
Well awer och am Ufank vum Kalennerjoer 2021 d'Covid-19-Pandemie nach ëmmer net ënner Kontroll war, huet d'FLF schlussendlech den 8. Mäerz d'Decisioun geholl, de Spillbetrieb an den ënneschten Divisiounen an och bei de Jugendequippen anzestellen. D'Championnat gëtt och deemno net gewäert, wat bedeit, dass et dës Saison weder Op- nach Ofsteiger gëtt.
An der Coupe de Luxembourg kruten déi Blo-Wäiss - nodeems si am éischten Tour Lëntgen eliminéiert haten – fir den 2.Tour de Swift Hesper zougeloust. Sou koum et freides, de 16. Oktober zum Derby.
Bedéngt duerch d'Corona-Bestëmmungen hunn d'Izeger op den Heemvirdeel verzicht a sou gouf d'Partie beim Noper um Holleschbierg ausgedroen.
Och wa sech d'Jonge vum Trainer Paulo Moura vill virgeholl an och gutt dogéint gehalen haten, sou sollt sech den Nationaldivisionnär viru ronn 500 Zuschauer um Enn matt 4:0 (2:0) duerchsetzen, och wann den FC Blo-Wäiss Izeg ni opginn huet an den Éieregol verdéngt gehat hätt.
Leider huet bei denen zwou héichprozentegen Izeger Golchancen sech eemol den Hesper Keeper als Spillverdierwer erwisen, iwwerdeems déi aner Kéier de Potto am Wee stoung.
SAISON 2021/22
No engem staarke Saisonufank ass den Izeger um Enn vum Joer d'Loft ausgaangen, esou dass et ëm de Joreswiessel eben och zu engem Trainerwiessel komm ass. De Paulo Moura gouf vum Yves Block ofgeléist.