DÉI ÉISCHT 25 JOER (1941 - 1966)

 

Den éischte Match um Terrain "an den Espen" war op Nokiirmessondeg (23. November 1941) de Championnatsmatch géngt Sandweiler a gouf matt 4:1 gewonn.

 

Eis Ekipp huet an der "III. Klasse, Staffel A" gespillt. Schonn direkt am éischte Joer ass de Championstitel erausgesprongen an domatt den Opstieg an d'"II. Klasse".

 

Och am Championnat 1942/43 hunn déi Blo-Wäiss sech gudd geschloen a sinn an d'"I. Klasse" gestiegen, obschonn an der Tëschenzäit scho verschidde Spiller an de "Reichsarbeitsdienst" agezu gi waren.

 

170462185ed23f98d6bbc93a42cad29b608c2e_.jpeg

 

Championnatsmatch zu Hamm (28. Februar 1943)
1.Rei vu lénks no riets: Jean BECKER, Pierre POHS, Albert ZAHLEN, Vic KIEFFER, Mich GRETHEN, Henri LANTER
2.Rei vu lénks no riets:Jos REMACKEL, Charles HARSCH, Armand JOHANNS, Jean BECKER, Erny REMAKEL, Nic WINTER, Alex BECKER, ?, Norbert WINTER

 

Vun 1943 un sinn d'Schwieregkeeten, fir eng Ekipp op d'Been ze kréien, ëmmer méi grouss ginn. Déi Jongen, déi de Mee 1943 aus dem "Arbeitsdienst" entlooss gi waren, si schonn e puer Méint méi spéit an d'"Wehrmacht" agezu ginn.

 

Nodeems de Veräin ëmmer erëm op eeler Spiller huet missen zréckgräifen, huet den FC Blo-Wäiss et an der Saison 1943/44 matt enger Jugendekipp probéiert. Wéinst Schwieregkeeten matt der "HJ" hunn déi Responsabel vum Club d'Saach schließlech opginn.

 

NOKRICHSZÄIT

 

Matt der Reprise vum Championnat (1945/46) huet den FC Blo-Wäiss Izeg am 2. Bezierk vun der 3. Divisioun gespillt an dobäi déi zweet Plaatz beluet. No de Barragematcher géngt Stroossen (6:1), Jonglënster (4:0) an Elwen (4:1) ass Izeg zesumme mam Bezierksmeeschter Munneref an d'2. Divisioun geklommen.

 

D'Izeger hunn an der 2. Divisioun all hir 18 Matcher gewonn a sinn Bezierksmeeschter ginn. Déi grouss Finall fir de Champion vun der 2. Divisioun huet den 18. Mee 1947 zu Dikrech stattfond.

 

No Goler vum Jos Claus, Mich Hensgen an Nic Winter konnte sech déi Blo-Wäiss matt 3:1 géint Klierf duerchsetzen a sinn domatt Champion vun der 2. Divisioun ginn.

 

Dëst war gläichbedeitend mam Opstieg an d'Promotioun (vergläichbar mat der haiteger 1. Divisioun). Zu Izeg kruten d'Champion‘en e groussen Empfang gebueden.

 

1704629b08018a01927dc0a5ac9e8fb811f255_.jpeg

 

Opstiegsekipp 1946/47:

1.Rei vu lénks no riets: Erny REMAKEL, Vic KIEFFER, Aly WEISBECKER, Jos CLAUS, Henri ZAHLEN
2.Rei vu lénks no riets: Gust ZEIMES, Jos ZEIMES, Jacques COLLING, Nic WINTER, Mich HENSGEN, Henri LANTER

 

Doniewt waren nach am Spillertrainer Erny Remakel sengem Kader:

Jean BECKER, Nic DRESCH, Mett GRETHEN, Pierre POHS, Roger THILL, Ady ZEIMES

 

1950 koum de Marcel Welter als Trainer op Izeg. Am Laf vun der Saison huet de Metty Seywert als President demissionéiert a gouf no der Haaptversammlung vum 26. Mee 1951 vum Nicolas Dresch-Thill ofgeléist.

 

Net manner wéi 7 Saison’en hat den FC Blo-Wäiss sech an der Promotioun kënnen halen, ier et anzäit vun zwee Joer (Saison 1953/54 an 1955/56) direkt zwee Mol eng Divisioun méi déif gaang ass.

 


Den 10. Juli 1954 krut de Veräin säin éischte Fändel.

 

170462895fcc3f41909101f5499bca8588fdc6_.jpeg

 

Den éischte Fändel

Vu lénks no riets: Théo ZAHLEN, Vic. SCHWARTZ, Nic. DRESCH-THILL

 

Fir de Championnat 1956/57 an der 3. Divisioun ass de fréiere Spora-Spiller Robert Wagener als Spillertrainer engagéiert ginn. Trotzdeem gouf den Opstieg knapps verpasst. No der Demissioun vum Robert Wagener als Trainer huet den Henri Zahlen an der Saison 1959/60 den Training iwwerholl.

 

SCHWÉIER ZÄITEN

 

Uganks der 60er Joren stoung et schlecht ëm den FC Blo-Wäiss. Et war guer keen Interessi méi bei de Spiller do. Mat Ach a Krach waren nach just 11 Spiller zesummenzekréien, vun Training goung keng Rieds méi. An enger Spillerversammlung gouf souguer dovu geschwat fir de Veräin opzeléisen. Sou wäit ass et dann awer net komm.

 

An der Saison 1962/63 huet den Théo Zahlen d'éischt Ekipp trainéiert, déi um Enn eng 7. Plaatz beluet huet. Ee Joer méi spéit huet d'FLF nom Championnat eng Neiandeelung vun den ënneschten Divisiounen decidéiert, an et gouf eng 4. Divisioun agefouert. Déi sechs Leschtklasséiert aus all Bezirk vun der 3. Divisioun sinn an d'4. Divisioun aklasséiert ginn. Deemno huet och den FC Blo-Wäiss Izeg als Aachten de Wee an d'4. Divisioun missen untrieden.

 

ET GEET NEES BIERGOP


Den dynamesche fréiere Spora-Spiller Jean Bettinger gouf 1965 neie Spillertrainer an ënnert sengem Impuls ass et dann och nees biergop gaang. Izeg gouf Zweeten an der Tabell hanner Biissen. An de Barragematcher huet Izeg zu Mäerzeg 3:0 gewonn an zu Miedernach 1:1 gläichgespillt, wat gläichbedeitend war mam Opstieg an d'3. Divisioun.

 

1704626031f8a894a6b5d31c725a7231eaaf90_.jpeg

 

Opstiegsekipp 1965/66:

1.Rei vu lénks no riets: Théo ZAHLEN, Marcel DOSTERT, Jherry LANTER, Jean BETTINGER, Robert KOHN
2.Rei vu lénks no riets: Jos WEYRICH, Albert WEISGERBER, Pierre BESCH, Jos HILGERT, Gilbert ZAHLEN, Henri LANTER

 

Doniewt waren nach am Spillertrainer Jean Bettinger sengem Kader:

Raymond GRETHEN, Guy KIEFFER, Raniero RICCI, Raymond SONNTAG, E. WAGNER, Roland WASMER, Raymond WINTER, Henri ZAHLEN, Remy ZAHLEN, John ZEIMES

 

Nom leschte Championnatsmatch vun der Saison 1965/66 gouf den Henri Lanter fir seng 500 Matcher am Izeger Trikot geéiert a krut fir seng Verdéngschter eng gëllen Auer iwwerreecht. Zum Schluss vun der Saison huet den FC Blo-Wäiss seng 25 Joer gefeiert.

 

170462f833b33fbd8e77529e2e6bc379c308b0_.jpeg

 

Gëllen Auer fir den Henri Lanter fir 500 Matcher

Vu lénks no riets: Alphonse UNSEN, Vic KIEFFER, Ed WINTER, Alex HOHENGARTEN, Henri LANTER, Jherry LANTER, Jos WEYRICH, Albert WEISGERBER, Pierre BESCH