An der Saison 1966/67, dem éischte Joer nom Opstieg, ass eng iwwerraschend gutt drëtt Plaz an der 3. Divisioun erausgesprongen. Déi zweet Saison nom Opstieg war méi schwiereg - um Enn sinn déi Blo-Wäiss op der 10. Plaatz geland.
Karikatur am Luxemburger Wort virum Derby 1966
Als neie Spiller-Trainer koum fir d’Saison 1968/69 vun der Spora de Fernand Simon op Izeg. An der Comités-Sëtzung vum 2. Juni 1969 huet de Jean Haan d'Nofolleg vum Victor Schwartz als President ugetrueden, dee sengersäits fir 9 Joer Presidentschaft den Titel als Éierepresident kritt huet.
1970 gouf de Marcel Knoch neie Spillertrainer zu Izeg an huet domatt de Fernand Simon ofgeléist, dee sech vun do un ëm déi éischt Cadets-Ekipp an der Geschicht vum FC Blo-Wäiss këmmert.
No enger verkorkster Saison 1972/73 huet den FC Blo-Wäiss déi lescht an 12. Plaatz beluet an an d'4. Divisioun erausgefall. Um Enn vum Championnat hunn Onstëmmegkeeten tëscht verschiddene Spiller, Comitésmemberen an dem Trainer Marcel Knoch zu engem Trainerwiessel gefouert. Neien Trainer ass den Antoine Giardin ginn.
AWEIUNG VUM STADE ALBERT KONGS
Grousse Liichtbléck vun der Saison: den 12. August 1973 gouf den neien Terrain um Izeger Plateau ageweit. E krut den Numm "Stade Albert Kongs". Dës Feierlechkeeten hunn dozou bäigedroen, dass et dem Veräin vun do un, op finanziellem Plang, e gutt Stéck besser gaang ass.
E ganzt positivt Resultat war um Enn vun der Saison 1974/75 erausgesprong. Eng éischt Plaatz gouf beluecht an domatt de Retour an d'3. Divisioun geséchert.
Kader vun der Opstiegsekipp 1974/75:
Marcel Dostert, Frank Felten, Guy Frères, Antoine Giardin, Louis Hoss, Patrick Johanns, Jeannot Kieffer, Alain Klein, Robert Kohn, Jherry Lanter, Arny Libardi, Marco Mangen, Nico Mangen, Ady Primc, Yanko Primc, André Straus, Fernand Streff, Jos Thinnes, Marco Wagner, Albert Weisgerber, Roland Weynandt, Gilbert Zahlen.
Trainer: Tun Giardin
An der éischter Saison nom Opstieg sinn déi Blo-Wäiss déi Fënneft am 2.Bezierk vun der der 3. Divisioun ginn. Den Théo Zahlen gouf fir 500 Matcher am Trikot vum FC Blo-Wäiss Izeg geéiert.
Fir d’Saison 1976/77 ass mam Antoine Geyer en neie Spillertrainer op Izeg komm. Duerch d'Neiandeelung vun den Divisioune koum d'éischt Ekipp an d'2. Divisioun a huet do direkt nach eemol déi 5. Plaatz beluet.
Zwee Joer méi spéit gouf de Mario Morocutti neie Spillertrainer. Am Laf vun der Saison krut de Jherry Lanter eng gëllen Auer fir seng 500 Matcher am blo-wäissen Dress.
D'Saison 1979/80 ass schlecht verlaf. An der Mëtt vun der Saison huet de Robert Da Grava d'Trainerbänk vum Mario Morocutti, dee verletzungsbedéngt (Meniskusschued) ausgefall war, iwwerholl. D'éischt Ekipp koum net iwwer déi zweetlescht Plaz eraus a huet dat Joer drop nees an der 3. Divisioun missen untrieden.
NEIT "CLUBHOUSE"
Ënnert dem President Jean Haan sengem Motto "Wou e Wëllen ass, gëtt et och e Wee" konnt den FC Blo-Wäiss 1980 säin neit "Clubhouse" aweien. Sechs Joer virdrun war de Chantier an Ugrëff geholl ginn, an dat vu Leit vum Veräin, déi dat benevole gemaach hunn.
Vun 1976 un konnt den Duschekomplex benotzt ginn, an den 2. August 1980 ware schließlech d'Aweiungsfeierlechkeeten. Och sportlech ass et erëm biergop gaang. Eng 2. Plaatz am 3. Bezierk vun der 3. Divisioun huet fir d'éischt Ekipp den Opstieg an d'2. Divisioun bedeit.
Kader vun der Opstiegsekipp 1980/81:
Léon Blitgen, Georges Boreux, Jean Braun, Robert Da Grava, Marc Di Vora, Claude Filbig, Louis Fischer, Marc Hatto, Alain Klein, John Kieffer, Patrick Kieffer, Jherry Lanter, Claude Mangen, Nico Mangen, Georges Noesen, Ady Primc, Nedo Repusic, Pit Repusic, Yvan Repusic, Jos Streff.
Trainer: Robert Da Grava
Déi Joren duerno sinn éischter mëttelméisseg verlaf. Virun der Saison 1984/85 ass den Nibio Orioli neie Spillertrainer ginn. Als zweetlescht vun 12 Ekippe sinn déi Blo-Wäiss an d'3. Divisioun erausgefall.
De Marcel Dostert gouf am Laf vun der Saison fir 500 Matcher als Spiller an Arbitter geéiert.
Fir déi nei Saison ass de Fränk Felten no engem Ofstiecher op d'Stade Diddeleng zréck op Izeg komm an neie Spillertrainer ginn. Um Enn stoung eng 5. Plaatz zu Buch. Ee Joer duerno, no enger 2. Plaz am Championnat hannert der AS Lëtzebuerg, hunn déi Blo-Wäiss misse probéieren, iwwer de Wee vun de Barragematcher den Opstieg dach nach ze packen.
No engem ellene Réckschlag géint Uespelt (1:3) an enger 2:0-Victoire géint Buerschent ass dene Blo-Wäissen en haart ëmkämpfte 0:0 géint Ierpeldeng duergaang, fir zesumme matt Uespelt eng Divisioun méi héich ze klammen. Déi jonk Izeger Ekipp wousst dëse Succès och ze genéissen a würdeg ze feieren.
Kader vun der Opstiegsekipp 1986/87:
Ralph Achten, Joël Besch, Léon Blitgen, Luc Claus, Raoul Claus, Franco Di Vora, Frank Felten, Claude Hatto, John Kieffer, Patrick Kieffer, Paul Kridel, Marc Lellig, Marc Lies, Michel Philippe, Ivica Repusic, Nedo Repusic, Pit Repusic, Edmond Ries, Jimmy Schreiner, Paul Schmit, John Streitz, Änder Veltkamp, Steve Zeimes.
Trainer: Fränk Felten
Als matt dee schéinsten Ament an der Izeger Veräinsgeschicht zielt deen Exploit, deen d'Ekipp vun 1987/88 fäerdeg bruecht huet - an zwar d'Konschtstéck, direkt nom Opstig aus der 3. Divisioun déi 2. Plaatz hannert dem Tricolore Gaasperech ze beleeën, an domatt nees eng Divisioun méi héich ze klammen... an dat mat praktesch lauter Izeger Jongen, oder awer Jongen aus der Gemeng, déi zu Izeg d'Futtball-ABC geléiert haten.
Am Laf vun der Saison hat eis éischt Ekipp just 1 Match doheem géint Biwer verluer a war auswäerts souguer ouni Punktverloscht bliwwen - an dat als Opsteiger!
Onvergiesslech bleift awer och den Heemwee, de "Convoi Exceptionnel" nom 3:4-Auswäertserfolleg zu Biwer: vu Biwer iwwer de Sennéngerbierg, iwwer de Findel laanscht eng Hellewull portugiesech Matbierger, déi do Spaléier stoungen an Erwaardung vum portugieseche Staatschef, via Hesper zréck op Izeg, wou d'Ekipp vun der Entente vun den Izeger Veräiner um Izeger Terrain empfaang gouf!
Kader vun der Opstiegsekipp 1987/88:
Ralph Achten, Serge Arendt, Serge Bertemes, Joël Besch, Léon Blitgen, Franco Di Vora, Fränk Felten, Claude Hatto, John Kieffer, Paul Kridel, Marc Lellig, Pascal Leuck, Marc Lies, Michel Philippe, Ivica Repusic, Nedo Repusic, Pit Repusic, Edmond Ries, Romain Schmit, Änder Veltkamp, Änder Weber, Patrick Weiler, Gilles Zeimes, Steve Zeimes, Patrick Zeyen.
Trainer: Fränk Felten
Den Optrëtt an der 1. Divisioun war leider ganz kuerz. Déi Blo-Wäiss sinn déi zweetlescht ginn an hu missen zréck an d'2. Divisioun.
Fir d’Saison 1989/90 huet de fréieren Aris- a Nationalspiller Roger Fandel d'Zepter als Spillertrainer zu Izeg iwwerholl. Um Enn ass et just net duergaang, fir erëm direkt an d'1. Divisioun ze steigen. Izeg koum op déi 3. Plaatz, punktgläich mam Tabellenzweete Stade Diddeleng, awer mat méi enger schlechter Goldifferenz.
OPSTIEG AM ZWEETEN ULAF
Ee Joer méi spéit, also am Joer vum Cinquantenaire huet et dunn geklappt an d’éischt Ekipp sollt de Wee zréck an d'1. Divisioun fannen. D'Entscheedung ass allerdéngs eréischt um leschte Spilldag gefall.
Um Stade Albert Kongs zu Izeg stounge sech de 25. Mee 1991 d'Formatioune vum FC Blo-Wäiss an Duelem an enger Zort Finall ëm déi zweet Plaatz géintiwwer. Virun 300 Zuschauer konnt sech d'Heemekipp Izeg um Enn verdéngt mat 2:0 (1:0) duerchsetzen.
D’Goler goungen op de Kont vum Marcel Trierweiler a vum Pit Repusic. Domatt war den Opstieg an d'1. Divisioun perfekt.
De "Mee-Bal", deen de Club des Jeunes Izeg den nemlechten Dag organiséiert hat, koum also ganz geleeën.
Serge Arendt, Daniel Aries, Serge Bertemes, Franco Di Vora, Jorge Dos Santos, Roger Fandel, John Kieffer, Paul Kridel, Marc Lellig, Marc Lies, Matteo Massaro, Paul Mockel, Nedo Repusic, Pit Repusic, Ivica Repusic, Marcel Trierweiler, Änder Veltkamp, Fränk Zeimes, Steve Zeimes.
Trainer: Roger Fandel