VUN 1991 BIS 2001

 

SAISON 1991/92

 

Hat eis éischt Ekipp et am zweeten Ulaf endlech gepackt, erëm an d'1. Divisioun ze steigen, sou konnt et vun Ufank un keen anert Ziel ginn, wéi d'Klass ze halen. Et gouf wéi erwaart eng schwéier Saison, mee schlussendlech hunn déi Blo-Wäiss den Ofstieg awer verhënnert.

 

170462ea521dd8646577178dd73ab22a7b781d_.jpeg

Eis éischt Ekipp 1991/92
1.Rei vu lénks no riets: Roger FANDEL, Daniel ARIES, Paul KRIDEL, Franco DI VORA, Jorge DOS SANTOS, Matteo MASSARO, John KIEFFER

2.Rei vu lénks no riets: André WEBER, Steve ZEIMES, Paul MOCKEL, Marc LIES, Serge BERTEMES, Frank ZEIMES, Ivica REPUSIC, Pit REPUSIC, Marcel TRIERWEILER

 

SAISON 1992/93

 

Eng geleefeg Futtballweisheet seet, dass dat zweet Joer nom Opstieg dat schwéierst wier. Dat sollt sech fir d'Ekipp vum Spillertrainer Roger Fandel glécklecherweis nëmme bedéngt bestätegen.

 

Am Championnat konnt d'Resultat vum Virjoer liicht verbessert ginn, iwerdeems an der Coupe de Luxembourg eng vun de schéinste Säite vun der Izeger Futtballgeschicht geschriwwe gouf:

 

E gewësse Joao "Juan" Gomes huet fir e Glanzliicht gesuergt. Een Dag méi spéit am "Républicain Lorrain" als "Bourreau de Differdange" betitelt, huet hien d'AS Déifferdeng aus der Éierepromotioun - zwee Joer virdrun ëmmerhin nach Coupe-Finalist - matt dräi perséinleche Goler quasi eleng eliminéiert an dofir gesuergt, dass den Déifferdenger Trainer Maurice Spitoni nom Match frustréiert gemengt huet: "Virum Match wousste verschidde Spiller net, wou Izeg géif leien. Elo wäerte si et ni méi vergiessen!"

 

Nodeem an der zweeter Ronn den Tricolore Gasperech konnt eliminéiert ginn, huet d'Lous eis eng Bus-Rees op Wolz beschert; en Ausfluch, deen dene Bedeelegten net zulescht wéinst där memorabler Soirée zu Donkels wäert an Erënnerung bleiwen.

 

Och op sportlechem Plang haten déi Izeger denen Éislécker deen Dag alles ofverlangt, an e Klassenënnerscheed war zu kengem Zäitpunkt z'erkennen. Den Nationaldivisionär konnt mat dem knappen 2:1-Succès méi wéi zefridde sinn!

 

SAISON 1993/94

 

Déi gutt Aarbecht vum Roger Fandel huet sech um Enn vun dëser Saison an enger formidabler 4. Plaatz erëmgespigelt. No deene gewinnte Startschwieregkeeten huet d'Ekipp spéitstens an der Hallschent vum Championnat zu Housen d'Kéier kritt. Mat der fantastescher Ënnerstëtzung vun de mattgereeseten Izeger Supportere gouf d'Partie no 0:2-Réckstand nach 3:2 gewonnen.

 

Eng Serie vun Erfolleger sollt eréischt eng Zäitchen duerno ausgerechent vum selwechte Géigner gebremst ginn, wéi déi Blo-Wäiss an der Coupe de Luxembourg zu Housen eliminéiert goufen.

SAISON 1994/95

 

Eng opfälleg besser Chanceverwertung huet net nëmmen de Golkonto verbessert; am Verglach zu fréiere Saison‘en mat opfälleg ville Gläichspiller goufen ëmmerhin 12 Matcher gewonnen an d'Resultat vum Virjoer mat enger gudder 6. Plaatz bestätegt.

SAISON 1995/96

 

Mëttlerweil huet den FC Blô-Wäiss zum festen Inventaire vun der 1. Divisioun gezielt. An der Coupe de Luxembourg huet am 3. Tour kee Geréngere wéi d'Escher Jeunesse hir Visitekaart zu Izeg ofginn.

 170462d55bb029bb2ff0af9bc0f169de8cfa86_.jpeg

Tribün um Stade Albert Kongs beim Coupe-Match géngt d'Jeunesse (1995)

 

Net zulescht opgrond vun enger kämpferesch groussarteger Leeschtung gouf et e Match matt vill uschléissendem Gespréichsstoff an engen etleche Conditionnellen: Wär den Escher Golkipp beim Stand vun 0:2 verdéngtermoosse vum Terrain gesat ginn, an hätt den Izeger Kapitän Frank Zeimes den uschléissenden Elefmeter an de Gol, amplaz op de Poteau gesat...

SAISON 1996/97

 

Iwwerdeems de Roger Fandel vun dëser Saison un seng aktiv Carrière als Defensivchef opginn a just nach op der Trainerbänk Plaatz geholl huet, ass zousätzlech en neie Spiller op Izeg komm, deen am Ugrëff fir méi Réussite suerge sollt.

 

Zwee Changementer, déi sech am Schlussbilan bemierkbar gemaach hunn. Gouf de Goran Stankovic déi Golfabrik, déi ee sech versprach hat, sou stoungen nieft deenen 53 geschossene Goler awer och 52 Géigegoler zu Buch!

 

Trotz allem ass d'Saison an der ieweschter Tabellenhallschent ofgeschloss ginn.  

 

SAISON 1997/98

 

No senger 9. Saison als Trainer zu Izeg sollten d'Weeër vum Roger Fandel an dem FC Blo-Wäiss ausernee goen. Eng ofschléissend exzellent 4. Plaatz huet him den Depart op sportlechem Plang sécherlech erliichtert.

1704629e64e8256773abd411621915456bdacc_.jpeg

Kader vun der éischter Ekipp 1997/98:
Marco Baum, Claude Braun, Giovanni Cervellera, Franco Di Vora, Jorge Dos Santos, Guy Entringer, Mike Fandel, Frank Feyereisen, Joao Gomes, Alain Hammann, Mike Hoffmann, John Kieffer, Alain Lahyr, Yves Leuck, Marc Lies, Michel Majerus, Matteo Massaro, Marco Peters, Ivica Repusic, Christian Reuter, Jérome Schmit, Romain Schmit, Azem Sehovic, Goran Stankovic, Romain Steil,Jérome Valente, Romain Wagner, Raoul Weinzierl, Frank Zeimes.
Trainer: Roger Fandel

 

SAISON 1998/99

 

Neien Trainer gouf den Aly Thill, dee vu sengem Virgänger eng intakt Ekipp iwwerlooss kritt hat. Punkteméisseg konnten d'Izeger d'Leeschtung aus dem Virjoer méi oder wéineger bestätegen.

SAISON 1999/2000

 

Duerch den Depart vun enger ganzer Rei Spiller krut d'éischt Ekipp e komplett neit Gesiicht an et war vu vir eran z'erwaarden, datt eng schwéier Saison géif op si duerkommen.

 

Trotzdeem huet sech den Ofstieg no 9 Joer Zougehéieregkeet zur 1. Divisioun scho méi ofgezeechent, wéi een dat virdrun erwaart hätt.

 

1704625a9ba4fd1fcf3c4ab289ba21164ecc12_.jpeg

Kader vun der éischter Ekipp 1999/2000:
1.Rei vu lénks no riets: Romain WAGNER, Sergio MONTEIRO, Ivica REPUSIC, Guy ENTRINGER, Jorge PEREIRA PINTO, Christophe JEITZ, Aly THILL

2.Rei vu lénks no riets: Frédéric WILLIÈME, Jorge DOS SANTOS, Daniel SANTIN, Lucca PICCO, Olivier BERSCHEID, Raoul HIPPERTCHEN, Paolo BIANCO

3.Rei vu lénks no riets: Steve SCHROEDER, Michel MAJERUS, Raoul SCHMIDT, Max MERTENS, Christian REUTER, Frank ZEIMES

 

Op en Neits war d'Jeunesse vun Esch Géigner an der Coupe de Luxembourg, woubäi déi Blo-Wäiss sech bei der 0:4-Nidderlag ganz gutt aus der Affär gezunn haten.

SAISON 2000/01

 

No néngjäreger Abstinenz hat d'2. Divisioun den FC Blo-Wäiss erëm a mam Sabatino "Tino" Marasco huet en neien an engagéierten Trainer d'Erausfuerderung ugeholl, fir zu Izeg eng nei Ekipp opzebauen.

 

Et gouf wéi erwaart nach deen een oder anere Réckschlag, bis matt enger Serie vu 14 Matcher ouni Nidderlag den Uschloss un d'Tabellespëtzt hiergestallt konnt ginn.

 

Schlussendlech sollten awer souwuel déi verständlech Startschwieregkeete wéi och eng grouss Zuel vu Gläichpiller den direkte Retour an d'1. Divisioun verhënneren.