AN DEN 1930er JOREN

 
D'Iddi fir Futtball ze spillen gouf an den 1930er Joren erëm vun engem Grapp voll jonke Leit opgegraff.
 
Et war esou géint 1934, wéi de sougenannte "Club der Ungeküssten Jünglinge" - e Jonggeselleveräin - sech den Numm Cercle Amical Itzig ginn huet. De Camille Weyrich war President an de Jempy Weber Sekretär.
 
170462e2187e79524231852b891d2d0e7b4962_.jpeg
 
Ausfluch vum Jonggeselleveräin an de Mëllerdall an den 30er Joren

Aus dem Cercle Amical sollt scho géint 1935/36 de Cercle Sportif ginn, e Veräin deen net an der FLF ageschriwwe war. Déi éischt Coupe ass zu Lelleg gespillt ginn.
 
Mam Match Izeg-Kanech - et muss 1938 gewiescht sinn - huet de Cercle Sportif Itzig seng Aktivitéiten agestallt, nodeem de Match matt enger Kläpperei op en Enn gaang war.
 
Aus dene Kanecher hire Veloën an aus hirer Camionnette haten eis Jongen d'Loft erausgelooss! E schéint Enn vun enger kuerzer sportlecher "Carrière"!
 
1704626eac3481b90bd45b241382a9af0ebb8b_.jpeg
 
Coupe Jean Brandenburger 1938
Vu lénks no riets: Camille WEYRICH, Michel ZAHLEN, Leo GROFF, Jos REMACKEL, Marcel REUTER, René ZEIMES, Leo ZEIMES, Léonard ZAHLEN, Aloyse WAGNER, François STEFFEN, Armand SCHWARTZ, Robert BOUR, Leo LAKAFF, Eugène WINTER, Michel DECKER, Jean-Pierre KAYSER