Am Joer 1993 - zu enger Zäit, wou et zu Lëtzebuerg keen Dammechampionnat am Futtball gouf - sinn eng Rei Meedercher un de Comité erugetrueden matt der Iddi, eng Dammenekipp ze grënnen. Dee Moment hu wuel di mannsten domatt gerechent, dass eben dës Dammenekipp och nach 2021 e feste Bestanddeel vum FC Blo-Wäiss Izeg wäert sinn.
1993 huet de Comité vum Izeger Futtball agewëllegt, eng Dammenekipp an de Veräin ze integréieren. Den Training gouf ganz am Ufank vum Marc Lies gehalen, duerno vum Carlo Oé a Raoul Weinzierl. Si allen dräi hunn dofir gesuergt, d'Ambiance am Grupp héichzehalen, awer gläichzäiteg och vill Fussballwëssen vermëttelt.
D'Izeger Dammenekipp hëlt um Championnat deel
Bis 1997 goufe just vereenzelt Frëndschaftsmatcher gespillt, ier et ab der Saison 1997/98 eescht ginn ass. Et gouf no laange Joeren endlech nees e Lëtzebuerger Dammefuttball-Championnat ausgedroen, wou d'Izeger Dammen vun Ufank un matt derbäi waren, an dat bis haut onënnerbrach an der iewëschter Liga!
Ënnert Anerem waren am Kader vun der éischter Izeger Dammenekipp:
Cindy de Sousa, Carole Feltgen, Myriam Feyder, Manon Fischer, Martine Hoffmann, Nicole Kemp, Christiane Kieffer, Tania Muschter, Annick Olinger, Patricia Raus, Monica Scarsellato, Sandra Schintgen, Sandra Schiumarini, Sophie Stelet, Nancy Teller
No der Saison 1997/98 hunn de Carlo Oé an de Raoul Weinzierl d'Traineramt un de Pit Repusic weiderginn, dee während 3 Joer eng zolidd Aarbecht geleescht huet.
Nodeems de Pit Repusic um Enn vun der Saison 2000/01 opgehal huet, sollt dem Comité matt der Verflichtung vum Nico Ruppert e richtege Glécksgrëff geléngen, blouf hien dach Trainer vun 2001 bis 2009.
Eemolegen Ekippegeescht
Matt de Joeren ass d'Dammenekipp méi a méi zesummegewuess an huet bestach duerch hiren onbännegen Ekippegeescht, an dat souwuel um, wéi och niewent dem Terrain. E Bal oder e Fest zu Izeg war ouni d'"Izeger Hénger" (wéi si sech selwer genannt hunn) kaum nach virstellbar.
Vun 2001 un huet sech d'Ekipp un der Spëtzt vun der Ligue 1 festgesat. Dobäi ass jeweils eng 3. Plaatz (2003/04 an 2005/06) an d'Erreeche vun der Halleffinall vun der Coupe des Dames (2002/03 an 2003/04) ervirzehiewen.
Erfollegräich Joeren
Uganks der Saison 2006/07 hunn d'Izeger Dammen sech mam Stater Racing zesummegedoen, an sou ass d'Entente Izeg/RFCUL entstanen. An der Saison 2006/07 gouf déi gutt 3. Plaz aus dem Virjoer widderholl.
Den Héichpunkt war awer ouni Zweifel d'Saison 2007/08. D'Ekipp vum Nico Ruppert huet an däer Saison de Futsal gewonn, war Finalist an der Coupe des Dames an doniewt nach Vizechampion. Et gouf deemno e Stéck Geschicht geschriwwen.