Am Joer 1941, während dem Zweete Weltkrich, hunn en etlech jonk Leit den Entschloss gefaasst, fir zu Izeg e Futtballclub ze grënnen. Eng Partie vun den Izeger Spiller hat scho virdrun an anere Veräiner (virun allem der Union) gespillt.
Den Alex Becker gouf éischte President vum neigegrënnten "FC Blô-Weiss Itzég", woubäi dësen Numm huet missen an "FK Blau-Weiß Itzig" emgeännert ginn. Éischte Keessier vum Club war de Robert Kalmus, Sekretär gouf de Jules Wintringer.
Doniewt koumen Jos. Remackel, Erny Remakel, Marcel Reuter, René Zeimes an Norbert Winter an de Comité.
D'Keess matt ronn 320 Frang an d'Uniformen krut eise Club vum fréiere Cercle Sportif Itzig geschenkt. Nodeem all Formalitéiten erledegt waren, konnt den neie Veräin seng sportlech Aktivitéiten ophuelen.
Grënnungsmatch zu Mutfert
1.Rei vu lénks no riets: Lucien HARSCH, Nicolas WINTER, Marcel REUTER
2.Rei vu lénks no riets: Ady ZEIMES, Jos ZEIMES, Armand JOHANNS, Marcel BOUR, Jos REMACKEL, Erny REMAKEL, Mich HENSGEN, Pierre POHS, René ZEIMES, Marcel STEFFEN