FC EXCELSIOR


1919: GRËNNUNG VUM FC EXCELSIOR
 
170462ebe8c27f655e8e7e27a2c8c2ca05e72f_.jpeg
 
Den éischten Izeger Futtballclub mam Numm FC Excelsior gouf 1919 gegrënnt. Den Excelsior huet bis ongeféier 1923 bestanen an de Vic Schwartz war President.
 
Gespillt gouf an den "Ierzekaulen", op enger Wiss, déi dem Bauer Hoelzener gehéiert huet. Géigner waren ënner anerem Hollerech an de Fëschmaart.
 170462a39b04654d20ba96a8e8f27ffd5318cf_.jpeg
 
FC EXCELSIOR
 1.Rei vu lénks no riets: François WILLEMS, Désiré ZAHLEN, Nic BRAHM
2.Rei vu lénks no riets: Alphonse BERCHEM, Jos HENSGEN, Mischy WALESCH
3.Rei vu lénks: Jos BESCH, Ad "de Stift" GROSBER, Jacques ZAHLEN, Michel ZAHLEN, ?, Jean-Pierre KAYSER, Jean BECKER
 
Nëmmen e puer Spiller hate scho richteg Futtballschong, déi meescht Jongen hunn a geneelte Schong matt Krämp gespillt.
 
E Puer Futtballschong huet deemols 110 bis 150 Frang kascht; de Verdéngscht louch esou ëm déi 500 Frang. Kee Wonner also!

 
1920 hunn déi Izeger Futtballisten an hir Kollegen aus dem Theaterclub sech zesummegedoen fir den 13.Mee d'Fanfare Izeg ze grënnen. Dräi Joer duerno gouf den FC Excelsior opgeléist.
 
 
1926: GRËNNUNG VUM FC EXCELSIOR II
 
Am Februar 1926 war eng éischt Versammlung am Veräinslokal, dem Café Pier Grün-Sonntag (haut Café de la Place). D'Initiativ goung vum Jean Becker, Mett Sonntag, Jacques Zahlen, Aloyse Zeimes an Désiré Zahlen aus.
 
An der aler Schoul an der "Béierkaul" war dann am Mäerz d'Grënnungsversammlung vum zweeten FC Excelsior Itzig. An der Comité koumen Jean Becker (President), Nic Braun (Vizepresident), Mett Sonntag, Mic. Walesch, Jacques Zahlen, Aloyse Zeimes an Désiré Zahlen.
 
Den Terrain war "am Nuddeler", dat éischt Joer ass nach "wëll" gespillt ginn. D'Uniforme ware schwaarz Trikoen matt engem giele Revers, giele Manchetten an enger gieler Sträif an der Taille.
 
1704626d70c2aa81f451f5eeade8cfba88f2fd_.jpeg
 
FC EXCELSIOR II
 1.Rei vu lénks no riets: Michel ZAHLEN, Albert ZAHLEN, ?
2.Rei vu lénks no riets: Paul HENSGEN, ?, Jean BECKER
3.Rei vu lénks: Jos SONNTAG, Nic LANTER, Mich WOLF, Hary COLLING, Tun SCHNEIDER, ?, Jos REMACKEL, Jean-Pierre LANTER, Jacques ZAHLEN
 
Fir d'Saison 1927/28 war den FC Excelsior II am FLF-Championnat ugemellt an huet zesumme matt Stengefort, Uewerkäerjéng, Walfer a Weimëschkierch am zweete Bezirk vun der drëtter Divisioun gespillt.
 
Eis Jongen hate leider kee Match gewonn a kee Punkt kritt. Domatt war den éischten an zugläich leschte Championnat vum éischten offiziellen Izeger Futtballclub eriwwer.
 
Den FC Excelsior II huet doropshin och direkt opgehal ze bestoen.