IN MEMORIAM

 
Mir sinn dem Dr. Albert Kongs op dëser Plaatz en déiwe Merci schëlleg!
 
17046234d2920b3fdf187323f01e57f3f01f94_.jpeg
 
Den Albert Kongs ass en Izeger Jong an hien ass sengem Heemechtsduerf säi Liewe laang trei bliwwen. Am zweete Weltkrich, an de schwéierste Momenter vun eiser Geschicht, huet den Albert Kongs de Wee op "säin" Izeg a bei seng Izeger Frënn fond. Hien huet matt hinnen zesummen, an als hiert Virbild, d'Resistenz géngt den däitschen Okkupant organiséiert.
 
Hie war et och, deen d'Grënnung vun engem Futtballclub als Deckmantel fir Resistenzaktivitéiten zu Izeg virugedriwwen an 1941 realiséiert huet.
 
De 6. Juni 1908 ass den Albert Kongs als eenzegt Kand vum Schoulmeeschter André Kongs a  vum  Anne Marie Thill zu Izeg op d'Welt komm. Si hunn an der Schoul op der Hesper Strooss gewunnt. No der Primärschoul ass den Albert Kongs an de Stater Kolléisch gaang, wou hien 1927 d'Première gemaach huet. Zu Stroossbuerg an zu Paräis huet hie Medizin studéiert an ass Spezialist fir Hautkrankheete ginn.
 
Den Albert Kongs war säi ganzt Liewe laang ëmmer mam Sport a besonnësch mam Futtball enk verbonnen. Och "seng" Izeger Ekipp, déi hie gehollëf huet grënnen, huet hien ni vergiess. Et däerf duerfir och net verwonnëren, datt den neien Terrain um Izeger Plateau just säin Numm kritt huet. En huet et verdéngt!
 
Grouss Verdéngschter huet den Dr. Albert Kongs awer och um nationale Futtballplang. Während senger spéiderer Karriär als Dirigent huet hien méi oder wéineger schwéier Chargen iwerholl. Beispillsweis war hien vun 1951 bis 1961 President vun eisem Nopëschveräin Union Lëtzebuerg.
 
Vum 17. Dezember 1961 bis zu sengem Doud, de 16. Dezember 1968, war den Dr. Albert Kongs President vun eiser gréisster Sportsfederatioun, der FLF.
 
170462b95cee056f948614ea1ac3cd51b8ca5b_.jpeg

 
An de Joren duerno koum et ëmmer erëm zu zéie Verandlungen matt de Gemengevertrieder, déi 1970 schlussendlech gréng Luut fire déi nei Installatiounen am heitege Stade Albert Kongs ginn hunn. Den 12. August 1973 gouf Aweiung gefeiert.
 
1704626e74ec0e2a4b141421242c5c326da3cd_.jpeg 
Op Vestiairen konnt den FC Blo-Wäiss zu däer Zäit nach net zréckgräifen. D'Gemeng huet sech allerdéngs bereet erkläert, fir d'Baumaterial zur Verfügung ze stellen. Vum éischte Spuetestéch de 16. November 1974 bis Mëtt 1976 hunn Responsabler, Spiller a Memberen vum Veräin matt ugepakt a vill Arbechtsstonnen domatt verbruet, fir an Eegeregie dat neit Clubhaus opzeriiten.
 

170462c474a5000e4cc057e551bf799a744ba6_.jpeg

 
2001 huet d'Gemeng e weideren Ausbau vun den Installatiounen beschloss. D'Arbechten, spréch de Bau vun neie Vestiairen an engem klenge synthetëschen Trainingsterrain souwéi d'Instandsetzung vum Haaptterrain, goufen 2003 opgeholl a 4 Joer méi spéit ofgeschloss.
 

DE STADE ALBERT KONGS

 

Zënter 1973 dréit den FC Blo-Wäiss seng Heemmatcher am Stade Albert Kongs um Izeger Plateau St. Hubert aus. Bis et mol souwäit war, haten déi Responsabel vum Veräin jorzéngtelaang deen een oder aneren décke Steen aus dem Wee misse raumen.

 

170462886ef273e389a8cef78f7a79890b7194_.jpeg

 

Nach ier de Club ënnert sengem heitegen Numm gegrënnt gi war, gouf awer och scho laang virdrun zu Izeg Futtball gespillt.

 

Aus Iwermëttlungen vun den Ufanksjoeren geet ervir, dass d'Jugend aus dem Duerf ëm 1905 hir Begeeschterung fir dat ronnt Lieder entdeckt hat. Gespillt gouf an den "Ierzekaulen", déi di jonk Leit vum Blitgens-Petter zur Verfügung gestallt kruten.

 

No der Grënnung vun de Virgängerveräiner FC Excelsior (1919) an FC Excelsior II (1926) konnten déi Izeger Futtballisten bis an d'1930er Joeren eran op verschiddene Wisen "am Bichel", an den "Ierzekaulen" an op der Sandweiler Strooss "am Nuddeler" hirem Hobby nogoen.

 
Wéi den heitegen FC Blo-Wäiss Izeg 1941 an d'Liewe geruff gouf, stoung dem jonke Veräin ufanks keen Terrain méi zur Verfügung. Et konnt awer zimlech séier eng Léisung fond ginn, wéi de spéidere President Nicolas Dresch-Thill dem Club matt enger privater Wiss zu engem neien Doheem verhollef huet.

 

Knapp 20 Joer méi spéit konnten sech déi Responsabel zwar net mam Proprietär - deen an Tëschenzäit gewiesselt hat - op en neie Loyer eenegen, hunn dofir awer en neie Pachtvertrag fir e Grondstéck an den "Ierzekaulen" ofgeschloss.

 

An de Joren duerno koum et ëmmer erëm zu zéien Verhandlungen matt den Hesper Gemengevertrieder, déi 1970 schlussendlech awer gréng Luut fir déi nei Installatiounen am heitegen Stade Albert Kongs ginn hunn. Den 12. August 1973 gouf Aweihung gefeiert.

 

Am Laf vun der Zäit huet beim FC Blo-Wäiss Izeg och d'Zuel vu lizenzéierte Spiller staark zougeholl. Zënter 2013 profitéieren eis Spillerinnen a Spiller vum neie synthetëschen Terrain "an den Huesestrachen". Domadder konnten zu deem Zäitpunkt gréisser Mängel a puncto Trainingsméiglechkeete behuewe ginn.

 

170462eb5711ad1b87a7916cfb06ce095b291a_.jpeg

 

Opgrond vun der Corona-Pandemie konnt déi nei Tribün am Stade Albert Kongs, déi am Laf vum leschte Joer fäerdeggestallt gouf, bis elo nach net hirer Bestëmmung iwergi ginn.

 

1704626a5370d5fb5732d8b086fb61196ac3df_.jpeg