JUGENDKOMMISSIOUN 2020/21

 

D'Jugendkommissioun ass an de Conseil d'Administration integréiert ginn.

 

JUGENDFUTTBALL ZU IZEG

 

Ouni Nowuess keng Zukunft! Well di jonk Generatioun - zu engem groussen Deel - léiwer virum Computer sëtzt, aplaatz sech an der frëscher Loft ze bewegen, kämpfe vill Veräiner ëm d’Iwerliewen, well se net méi genuch Spiller rekrutéiert kréien, fir hir eege Jugendequipen op d’Been ze setzen...

 

Wien elo allzevill schwaarz gesäit, riskéiert sech matt der Situatioun ofzefannen, an - iwer kuerz oder laang - d’Enn vu sengem Club anzeleeden. Ëmginn vun enger Partie sougenannte "grousse" Veräiner ronderëm resp. an der Stad, hat den FC Blo-Wäiss Izeg et net ëmmer einfach, fir seng Equipen an dene 7 Jugendkategorien sou opzestellen, ouni datt eng Entente matt engem anere Veräin noutwänneg war.

 

Nodeems um Enn vun der Saison 2000/01 d’Zesummenarbecht mam Swift Hesper op en Enn gaange war, waren sech di Responsabel vum FC Blo-Wäiss bewosst, datt et e laangwierege Prozess giff ginn, bis de Club am Beräich vun der Jugend komplett op eegene Féiss kënnt stoen. Eng bescheiden Unzuel vu ronn 60 Lizenzen huet dëst verdäitlecht, an sou war et net weider verwonnerlech, datt de Veräin am Ufank nëmmen an de Kategorien Bambinis bis Minimes eegestänneg fonktionnéiert huet.

 

Och do, wou Woch fir Woch engagéiert Traineren um Terrain sinn, fir de Kanner resp. de Jugendlechen d’Futtballspillen bäizebrengen, bedeit et net automatesch, datt och ëmmer genuch Spiller zur Verfügung stinn, déi e komplette Spillbetrieb matt kompetitiven Equipen garantéieren. Bei de Cadets gouf dowéinst am Joer 2001 eng Entente matt den Noperen vu Sandweiler agaang, déi iwer fënnef Saison’en Bestand haat. Iwerdeems konnt an der Saison 2005/06 de Spillermangel bei de Poussins duerch eng Entente matt Mutfert kompenséiert ginn.

 

Obwuel d’Zuel vun de Jugendlizenzen an Tëschenzäit op 89 geklomme war, gouf sech beim FC Blo-Wäiss Gedanke gemaach, wéi een de Kontingent nach weider kënnt erhéijen. D’Resultat vun den Iwerleeungen war en Infoblad, matt deem den Izeger Veräin fir d‘Kanner aus der Ëmgéigend sollt méi intressant gemaach gin.  D’Resonanz sollt duerchaus positif sinn – nëmmen e puer Wochen nom Verdeelen vun de Flyeren haate besonnësch d’Kategorien vun dene Jéngsten sou e regen Zoulaf ze verzeechnen, datt d’Poussins matt engem Kader vun 21 Spiller an d’Saison 2006/07 gaange sinn. Ee Joer méi spéit hun och d’Minimes net manner wéi 25 Lizenzen gezielt.

 

Iwerdeems sech den FC Blo-Wäiss Izeg zumols bei dene méi jonke Joergäng, matt steigender Tendenz, enger grousser Beléiftheet erfreet huet, war et an denen „eelere“ Jugendkategorien net grad sou einfach. Sou koum et, datt 2006 eng Zesummenarbecht matt de Yellow Boys vu Weiler an d’Liewe geruff gouf – eng Kooperatioun, déi 12 Joer Bestand haat. Waren et am Ufank nëmmen d’Scolaires, déi als Entente-Equipe un den Départ gaang sinn, sou gouf an der Saison 2008/09 an alle Kategorien souwuel als Entente Izeg/Weiler, wéi och als Entente Weiler/Izeg am Championnat ëm Punkte gekämpft.

"TOURNOI DES JEUNES" & "INDOOR CUP"


Zënter enger Reih Joren hunn zwee Evenementer hir fest Plaatz am Manifestatiounsprogramm vum FC Blo-Wäiss Izeg. Als kréinenden Ofschloss vun der Saison organiséiert d’Jugendkommissioun all Joers am Juni hiren traditionnellen "Tournoi des Jeunes" fir d’Kategorien Bambinis, Pupilles, Poussins a Minimes. Gouf dëst Turnéier ufanks nach am klenge Kader matt zirka 15 Equipen ausgedroen, sou hu ganz besonnësch di nei Installatiounen um Stade Albert Kongs, déi am Summer 2007 ageweiht goufen, nei Méiglechkeeten gebueden. An Tëschenzäit huele Joer fir Joer net manner wéi 64 Equipen – haaptsächlech vu Lëtzebuerg, mee och aus dem Ausland – um "Tournoi des Jeunes" deel.

 

Eng flott Ofwiesslung zum Spillbetrieb dobaussen um Terrain, si speziell an der kaler Joreszäit d‘Turnéieren an der Hal. Regelméisseg am Januar gëtt zënter 2003 an der Sportshal um Houwald den "Indoor Cup" gespillt. Am Januar 2016 konnt den FC Blo-Wäiss Izeg en neie Rekord verzeechnen, wat d’Zuel vun den Aschreiwungen betrëfft. An de Kategorien Bambinis, Pupilles, Poussins, Minimes an, fir d’éischt och Jeunes filles, waren am ganzen 38 Equipen um Houwald am Asaatz.

 

D’Jugendarbecht zu Izeg mecht sech also bezuelt. Dat geet schonn eleng aus der Tatsaach ervir, datt an der Saison 2015/16 net manner wéi 9 Spiller, déi aus de Jugendéquipen vum FC Blo-Wäiss staamen, am Kader vun der éischter Equipe stoungen. Virun däer Saison konnt den Izeger Futtball di respektabel Unzuel vun 222 Jugendlizenzen opweisen. Och dat ënnersträicht d’Wichtegkeet vum Engagement a  vum Asaatz, dee souwuel d’Memberen vum Comité a vun der Jugendkommissioun, wéi och d’Traineren a Co-Traineren, Saison fir Saison, Woch fir Woch an Dag fir Dag am Sënn vum Veräin bréngen. Fir di Responsabel am Club soll et deemno Usporn a Motivatioun genuch sinn, matt der néideger Ausdauer op dësem Wee weiderzefueren.

Souwuel zu Weiler wéi och zu Izeg sollt et no an no geléngen, bei dene "Jéngsten" souvill Spiller an denen eenzelene Kaderen verzeechnen, datt di zwee Veräiner souwäit nees eegeständeg konnte fonktionnéieren, an d’Zesummenarbecht bis erop an d’Scolaires net méi noutwendeg war. An der Saison 2015/16 ware just nach d’Junioren an d‘Cadets als Entente-Equipen ugetrueden. Als drëtte Veräin hunn sech och d‘Red Boys vun Uespelt un dëser Entente bedeelegt.

 

No der Opléisung vun Entente mam Swift Hesper bei de Junioren (2019/20 an 2020/21) trieden eis Scolairen an der Saison 2021/22 zesumme matt den Noperen vun der US Sandweiler un.