VUN 2001 BIS 2011

 

SAISON 2001/02

 

D'Saison duerno huet den FC Blo-Wäiss Izeg déi 7.Plaatz ënner 14 Konkurrenten am 2.Bezierk vun der 2.Divisioun beluecht. Et war eng éischter mëttelméisseg Saison, gouf et dach bei eelef gewonnene Matcher där och 10, déi verluer goungen.

 

1704622765e5ea41c0f8173114d605996ef12c_.jpeg

 

Eis éischt Ekipp 2001/02
1.Rei vu lénks no riets: Dominique GENDT, Philippe SANCHEZ, Luca MARINELLI, Philippe CARDOSO, Jorge DOS SANTOS, Frédéric WILLIÈME, Romain WAGNER

2.Rei vu lénks no riets: Tino MARASCO, Marco BAUM, Guy ENTRINGER, Kim FREDERICK, Pascal SIGNORE, Patrick BADDÉ, Marc PARAGE, Paolo BIANCO

 

D'Ekipp vum Trainer Tino Marasco, deen et um Enn vun der Saison vun Izeg fort gezunn huet, war net staark genuch fir kënnen e Wiertchen ëm den Opstieg mattzeschwätzen.

 

SAISON 2002/03

 

Mat engem neien Trainer, dem Luc Muller, gouf déi nei Spillzäit an Ugrëff geholl. Och wann et zum Schluss just net duergaangen ass fir de Sprong no uewen ze packen, esou konnt trotzdem eng ganz gutt 4. Plaatz verbucht ginn.

 

SAISON 2003/04

 

Dat wat dem Luc Muller a sengem éischte Joer zu Izeg als Coach net gegléckt war, huet hien dat Joer drop nogeholl: den Opstieg an d'1.Divisioun!

 

Am reguläre Championnat konnten 19 Matcher gewonne ginn, wat gläichbedeitend mat enger 3.Plaz war, soudass den FC Blo-Wäiss Izeg huet missen d'Barragematcher spillen. Do gouf et am éischte Match en 1:1 géint Béiwen, fir dann am entscheedende Match géngt Käerch mat 4:2 d'Iwwerhand ze behalen.

 

D'Spiller an d'Supporter konnte sech also endlech nees op d'1.Divisioun freeën, a sinn deementspriechend glécklech heem op Izeg gefuer, fir den Opstieg ze feieren.

 

17046255085f74a5c7eda95c45ba9641054f5d_.jpeg

 
Kader vun der Opstiegsekipp 2003/04:

Frédéric Anastasi, Patrick Baddé, Marco Baum, Paolo Bianco, Giovanni Cervellera, Jorge Coelho, Ricardo Coelho, Guy Entringer, Joël Fischer, Raoul Hippertchen, Nicolas Lampach, Jorge Machado, Michel Majerus, Luca Marinelli, José Marta Ferraz, Paulo Martins, Sergio Monteiro, Luc Muller (Spiller-Trainer), Laurent Peusch, Carlos Rodrigues Sacras, Jérôme Schmidt, Raoul Schmidt, Bob Scholer, Frédéric Willième, Frank Zeimes
Trainer: Luc Muller

 

Och an der Coupe de Luxembourg konnt den FCI e flotte Parcours virweisen. No 4 gewonnene Matcher war eréischt an der 1/16 Finall géint de spéidere Coupe-Gewënner F91 Diddeleng Endstatioun. 

 

SAISON 2004/05

 

Obschonn de Luc Muller déi viregt Saison de Sprong an d'1.Divisioun gepackt hat, ass hien net weider Trainer bliwwen, mä huet säin Amt un de Marco Galli, fréiere Spiller vum F91 Diddeleng, viruginn. Et war déi erwaart schwiereg Saison, an där d'Izeger schlussendlech déi 10.Plaatz beluecht, an domat d'Ziel, net erauszefalen, erreecht hunn.

 

SAISON 2005/06

 

Dat Joer duerno ass ähnlech verlaf wéi dat Joer virdrun. Et war eng zimlech onspektakulär Saison, an där genee wéi am Virjoer eng 10.Plaatz beluecht an domat de Maintien geséchert konnt ginn.

 1704624fd4881aeb9a6db4e5c12258ff21f8a0_.jpeg

 

Eis éischt Ekipp 2005/06
1.Rei vu lénks no riets: Franco LOSAVIO, Helcio CONEGUNDES, Jérôme SCHMIDT, Guy ENTRINGER, Giovanni CERVELLERA, Werner ARENZ

2.Rei vu lénks no riets: Mario TEIXEIRA, Raphael MANZONI, Patrick BADDÉ, Marco POUL, Frank ZEIMES, Daniel MATEUS, Mike EBOA

 3.Rei vu lénks no riets: Marco BAUM, Eugène AFRIKA, Srecko PECIREP, Sergio MONTEIRO, Raoul HIPPERTCHEN, Marco GALLI

 

SAISON 2006/07

 

Och 2006/07 ass den erhofften Opschwong ausbliwwen. Den Trainer Marco Galli konnt senger Ekipp net déi néideg Impulser matt op de Wee ginn, an nodeems d'Resultater an och d'Leeschtung am Ufank vun der Saison net berauschend waren, huet de Marco Galli säin Amt niddergeluecht.

 17046255f8a3081521ee95216a00b42e540a1d_.jpeg

 

Eis éischt Ekipp 2006/07
1.Rei vu lénks no riets: Paolo BIANCO, Eugène AFRIKA, ?, Jeff ALLARD, Helcio CONEGUNDES, Werner ARENZ, Daniel DOS SANTOS

2.Rei vu lénks no riets: Ivica REPUSIC, Jorge MACHADO, ?, Marco POUL, Romain GAASCH, Patrick BADDÉ
 3.Rei vu lénks no riets: Marco BAUM, Marco GALLI, Raoul HIPPERTCHEN, ?, Alain BLISS, Sergio MONTEIRO

 

A seng Plaatz koum de fréieren Izeger Spiller Claude „Stan“ Mangen. Hien huet d'Ekipp am November 2006 iwwerholl - um Enn hunn d'Izeger Jongen déi 9.Plaatz beluecht.

 

SAISON 2007/08

 

Den FC Blo-Wäiss Izeg goung weiderhi mam Claude Mangen als Trainer an déi nei Saison. Leider huet sech erausgestallt, datt d'Ekipp net déi néideg Substanz hat fir sech an der 1.Divisioun iwwer Waasser ze halen, soudatt d'Izeger op der leschter Plaz geland sinn, an deemno hu misse schwéieren Häerzens de Gang an d'2.Divisioun untrieden.

 

SAISON 2008/09

 

Nom Ofstieg huet den FC Blo-Wäiss Izeg d'2. Divisioun mat engem zimlech verännerte Kader an Ugrëff geholl. Och den Trainer Claude Mangen, dee bei den FLF-Stuff gewiesselt ass, gouf duerch de Guy Poggi ersat.

 

170462184037e6f880e688fcaca33fed932466_.jpeg

 

Eis éischt Ekipp 2008/09
1.Rei vu lénks no riets: Christian SCHOENEFELD, Daniel MATEUS, Helcio CONEGUNDES, Jérôme SCHMIDT, Yves BLOCK, Luis DA LUZ LIMA, Sven DAVITO, Maikel GOMES DE CARVALHO, Tom DAVITO

2.Rei vu lénks no riets: Frank ZEIMES, Raoul HIPPERTCHEN, Mike VARNIER, Frédéric BENAVIDES, Patrick BADDÉ, Thierry THOSS, Ronny LALLEMANG, Guy POGGI
 3.Rei vu lénks no riets: Oliver GILSON, Christophe RAUS, Maurice ANTONY, Anderson OLIVEIRA COSTA, Vitor DUARTE CUNHA, Max MERTENS, Marco POUL, Chris FELTEN, Eugène AFRIKA, Daniel DE OLIVEIRA LEITE

 

Uganks Mäerz gouf de Guy Poggi vum Fränz Primc ofgeléist, well déi erhoffte Resultater ausbliwwe sinn. Ënner dem Stréch bleift eng zimlech duerchwuesse Saison, wou den erneiten Ofstieg an d'3. Divisioun eréischt a leschter Sekonn konnt verhënnert ginn.

 

SAISON 2009/10

 

Ofgesi vun e puer wéinege Liichtblécker huet den FC Blo-Wäiss Izeg eng ganz schwaach Saison gespillt. Um Enn hunn sech d'Izeger duerch e glécklechen 1:1 am leschte Match zu Jonglënster de Klassenerhalt gesechert a sinn domatt denkbar knapp dem Barragematch aus de Féiss gaang.

 

170462c6693f685e320976243e62896c0bc8f5_.jpeg

 

An der Coupe de Luxembourg gouf et direkt beim 1. Optrëtt an der 2. Ronn den enttäuschenden Aus, an dat mat 1:2 géint den Drëttdivisionnär Lasauvage.

 

SAISON 2010/11

 
D'Saison 2010/11 war alt nees Ziddere bis den allerleschte Match ugesot, ier den FC Blo-Wäiss Izeg sech duerch en 0:0 am direkte Verglach géint den Haaptkonkurrent AS Lëtzebuerg-Porto de Maintien séchere konnt. D'Izeger sinn domatt op déi 10. Plaatz an der Ofschlosstabell geklommen.

Z'erwähne bleift, datt nom Trainerwiessel Enn Mäerz just eng nobäi optimal Punkteausbeute et iwwerhaapt méiglech gemaach hat, datt d'Izeger bis zum Schluss nach hunn däerfen dru gleewen.
 
D'Trainergespann Alain Lahyr/Romain Wagner hat deemno gutt Aarbecht geleescht an den Objektiv in extremis erreecht.