NIDDERLAG ZE HÉICH AUSGEFALL

29th April 2024

club logo

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Eis éischt Ekipp huet um 26. Spilldag géngt Sandweiler eng 0:3 (0:0)-Heemnidderlag kasséiert, déi allerdengs ëm den een oder anere Gol ze héich ausgefall ass.Géngt den Tabellenéischten haten déi Blo-Wäiss besonnësch an der éischter Halbzeit déi besser Chancen an hätten ouni Weideres matt enger Féirung an d’Paus kënne goen. Nom Säitewiessel hunn d’Visiteuren et dunn besser gemaach an duerch en Hattrick vum Jerome Mabom (53.‘, 61.‘ an 78.‘) d’Victoire an domatt den Opstieg an d’Éirepromotioun perfekt gemaach.EKIPP FC IZEG: Chenard, Ribeiro, Skenderovic, Jacinto, Bousseau (82.‘ Faustino), Marques, Myre (63.‘ Faber), Dos Reis, Louadj (63.‘ Yagremongo), Fernandes, Gales (82.‘ Sinanovic)Nächste Sondeg, de 05.Mee steet de Championnatsmatch vum 27.Spilldag zu Bieles um Programm. Ustouss ass ëm 16 Auer.



image