DRÄI WEIDER PUNKTEN ZU BIELES

5th May 2024

club logo

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Um 27.Spilldag konnt eis éischt Ekipp sech zu Bieles matt 3:1 (2:0) duerchsetzen a bleiwt domatt och am véierten Auswäertsmatch hannerteneen ongeschloen.De Sabin Yagremongo hat déi Blo-Wäiss an der 37.Minutt a Féirung bruet an nëmmen zwou Minutten méi spéit e weidere Gol dropgesat. Zwar konnt d’Lokalekipp nom Säitewiessel tëschenzäitlech verkierzen (77.‘), ier kuerz drop den agewiesselten Eric Perrey (79.‘) nees den alen Ofstand hirgestallt huet.Matt elo 40 Punkten verbesseren déi Blo-Wäiss sech am Klassement op déi aacht Plaatz.EKIPP FC IZEG: Chenard, Ribeiro (38.' Schroeder), Skenderovic, Jacinto, Bousseau, Marques, Dos Reis (62.' Perrey), Louadj, Gales (54.' Myre), Fernandes, YagremongoNächste Sondeg, den 12.Mee steet de Championnatsmatch vum 28.Spilldag géngt Koplëscht um Programm. Ustouss um Stade Albert Kongs zu Izeg ass ëm 16 Auer.



image