SABIN ON FIRE

19th May 2024

club logo

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

Um zweetleschte Spilldag konnt eis éischt Ekipp sech bei der AS Lëtzebuerg matt 6:4 (2:1) duerchsetzen an huet domatt aus hire leschte fënnef Auswäertsmatcher 13 vu 15 méigleche Punkte geholl.

Duerch Goler vum Sabin Yagremongo (13.‘) an Erik Perrey (25.‘, Elefmeter) louchen déi Blo-Wäiss séier matt 2:0 a Féirung, ier d’Lokalekipp an der 29.Minutt konnt verkierzen. E weideren Elefmeter konnten d’Visiteuren an der Nospillzäit vun der éischter Halbzeit net notzen, sinn awer an Iwerzuel an d’Paus gaang, nodem e Spiller vun der ASL déi giel-rout Kaart gewise kritt hat (45.').

Nom Säitewiessel huet de Sabin Yagremongo (50.’) op 1:3 gesat, mee d’AS Lëtzebuerg huet et bannent e puer Minutte (52.‘ an 57.‘) fäerdegbruet, trotz Ënnerzuel auszegläichen. Allerdengs hat de Sabin Yagremongo ëmmer nach net genuch, an no senge Goler Nummer dräi (61.‘) a véier (73.‘) war dunn och de Widerstand vun der Heemekipp gebrach. An der 87.‘ huet den Abiter eng wieder Kéier op de Punkt gewisen, an dës Kéier huet sech de Zidane dos Reis d’Geléenheet net huele gelooss, fir op 3:6 ze erhéijen.

De Schlusspunkt war de Spiller vun der AS Lëtzebuerg virbehal, déi an der Nospillzäit fir d’Schlussresultat vu 4:6 gesuergt hunn.

Matt elo 44 Punkten bleiwen déi Blo-Wäiss am Klassement wiederhin op der aachter Plaatz.

EKIPP FC IZEG: Chenard, Skenderovic, Almeida, Faustino, Bousseau (80.‘ Micucci), Dos Reis, Perrey, Myre, Falkner (67.‘ Jacinto), Faber (86.‘ Mota), Yagremongo (86.‘ Neu)

Nächste Sondeg, de 26.Mee steet de leschte Championnatsmatch vun dëser Saison géngt Minsbech um Programm. Ustouss um Stade Albert Kongs zu Izeg ass ëm 16 Auer.