GOLFESTIVAL GÉNGT MINSBECH

27th May 2024

club logo

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

Eis éischt Ekipp huet sech um leschte Spilldag géngt Minsbech nach eemol treffsecher gewisen.

Um Enn gouf eng däitlech 7:0-Victoire, nodeem et an der Paus 2:0 stoung, dëst duerch en Doublé vum Rubben Myre (20.‘ an 23.‘).

Nom Säitewiessel hunn Yan Falkner (54.‘) an Samuel Bousseau (59.‘) de Virsprong ausgebaut, ier d’Visiteuren duerch eng giel-rout Kaart (69.‘) deziméiert goufen.

An Iwerzuel hunn déi Blo-Wäiss an der Schlussphas dräi wieder Goler dropgesat, déi op de Kont vum Paul Schroeder (84.‘) a Max Neu (86.‘ an 88.‘) ginn.

Matt 47 Punkten schléissen d’Spiller vum Trainer Marc Birsens am Klassement op enger respektabler sechster Plaatz of.

EKIPP FC IZEG: Chenard, Micucci (51.‘ Faber), Skenderovic, Almeida (51.‘ Schroeder), Bousseau, Perrey (71.‘ Neu), Myre, Louadj (51.‘ Falkner), Dos Reis, Fernandes, Yagremongo