Skip to contentSkip to footer

F.C. Blo-Wäiss Izeg
Blo-Wäiss Izeg

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Umellen

DIVISIOUNSANDEELUNG 2024/25

26th June 2024

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

D'Andeelung vun de Bezirker an der éischter Divisioun huet erginn, dass eis éischt Ekipp eng weider Saison am zweete Bezirk un den Départ geet, wou si et matt sechs neie Géigner ze dinn kritt.

Iwerdeems aus der Éirepromotioun Gréiwemaacher a Weiler erofkommen, sinn matt Éilereng a Suessem zwee Opsteiger zréck an der drëtthéchster Spillklass. Doniewt wiesselen Iechternach a Bäerdrëf/Konsdrëf vum éischten an den zweete Bezirk.

Startschoss fir di nei Saison ass sondes, den 18.August 2024. Den detailléierte Spillplang gëtt an den nächsten Deeg publizéiert.