EN HAART STÉCK ARBECHT

8th September 2024

club logo

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

Am éischten Tour vun der Coupe de Luxembourg ass eis éischt Ekipp matt annerhalwem bloen Aa dovukomm. Déi Blo-Wäiss hunn sech beim FC Brouch no Verlängerung matt 5:3 duerchgesat, nodeem et um Enn vun der regulärer Spillzäit 3:3 stoung.

Eis Jongen ware schon fréi duerch den Erik Perrey (11.‘) a Féirung gaang an haten de Match iwert déi voll Distanz komplett am Grëff. Duerch e Schoss kuerz hannert der Mëttellinn konnt awer d‘Lokalekipp, déi eigentlech nie geféierlech virum Izeger Gol opgetaucht war, aus dem Näischt ausgläichen (57.‘).

Wéi de Sabin Yagremongo an der 82.’ déi Blo-Wäiss nees a Féirung bruet huet, hätt ee kënne mengen, d’Äis wär gebrach. Mee vum Ustouss ewech ass e weidere Brucher Schoss aus dem Mëttelkrees am Izeger Gol geland (83.‘), ier eng identësch Aktioun an der Nospillzäit (90+5.‘) de Spillverlaf komplett op d’Kopp gestallt huet (3:2).

In extremis huet de Gilles Faber (90+6.‘) eis Equipe trotzdem nach an d’Verlängerung gerett, wou de Sabin Yagremongo matt zwee weidere Goler (105+1.‘ an 117.‘) alles kloer gemaach huet.

EKIPP FC IZEG: Felgueiras (91.‘ D.Gonçalves), Simoes, Jacinto, Skenderovic, Perrey (105.‘ Akab), Schroeder, Lissajoux, Delgado (55.‘ Nunez), Faber, Y.Gonçalves (62.‘ Ikwa), Yagremongo

Nächste Mëttwoch, den 11.September geet et weider mam 4.Spilldag vum Championnat, wou den FC Schengen zu Izeg op Besuch ass. Ustouss um Stade Albert Kongs ass ëm 20 Auer.