EE PUNKT GÉNGT MÄREL
23rd September 2024
F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fotograféiert vum LZ
Eis éischt Ekipp huet um sechste Spilldag matt Märel 2:2 gläichgespillt, nodem de Match ouni Goler an d’Paus gaang war.
Kuerz nom Säitewiessel huet e Märeler Selbstgol di Blo-Wäiss a Féierung bruet (50.‘), déi d’Visiteuren praktësch am Géigenzuch ausgläiche konnten. Och déi zweet Izeger Féirung duerch de Bruno Fernandes (70.‘) hat net laang bestand, well Märel nëmmen zwou Minutte méi spéit den 2:2 markéiert huet.
Matt zwee Punkten bleiwt eis Ekipp am Klassement weiderhinn op der zweetleschter Plaatz.
EKIPP FC IZEG: D.Goncalves, Almeida, Simoes, Akab, Skenderovic, Jacinto, Faber (80.‘ Schroeder), Ikwa (46.‘ Perrey), Fernandes, Lissajoux (87.‘ Santos), Yagremongo (75.‘ Y.Goncalves)
Nächste Sondeg, den 29.September geet et weider mam siewente Spilldag, wou en Auswäertsmatch zu Weiler um Programm steet. Ustouss um Terrain „Am Dieltchen“ ass ëm 16 Auer.