ONVERDÉNGTEN NIDDERLAG
30th September 2024
F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fotograféiert vum LZ
Um siewente Spilldag vum Championnat huet eis éischt Ekipp zu Weiler en duerchaus verdéngte Punktgewënn verpasst, nodeem d’Lokalekipp an der drëtter Minutt vun der Nospillzäit den entscheedenden 2:1 markéiere konnt.
Kuerz nom Säitewiessel haten béid Ekippen d’Féirung um Fouss, mee zwee Mol huet en Elefmeter säin Ziil verfeelt (Weiler an der 53.‘ an Izeg an der 56.‘).
No enger Stonn ass Weiler den 1:0 gelongen, deen di Blo-Wäiss an der 70.‘ awer konnten duerch de Sabin Yagremongo ausgläichen.
EKIPP FC IZEG: D.Goncalves, Skenderovic, Simoes (4.‘ Fernandes), Akab, Marques, Perrey, Faber (59.‘ Ikwa), Jacinto (67.‘ Dos Reis), Schroeder, Lissajoux, Yagremongo
Nächste Sondeg, de 06.Oktober geet et weider mam éischten Tour an der Coupe de Luxembourg, wou den FC Woltz 71 aus der BGL Ligue zu Izeg op Besuch ass. Ustouss um Stade Albert Kongs ass ëm 16 Auer.