Skip to contentSkip to footer

F.C. Blo-Wäiss Izeg
Blo-Wäiss Izeg

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Umellen

SPRONG OP PLAATZ ZWEE VERPASST

17th May 2026

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

Um zweetleschte Spilldag huet eis éischt Ekipp matt Weiler 2:2 (0:1) gläichgespillt.

Iwerdeems d’Yellow Boys zwee Mol duerch Pierre Venturini (32.’) an Damien Steinmetz (54.‘) a Féirung gaang waren, hu béid Kéieren Gaëtan Teixeira direkt no der Paus (46.‘) an den agewiesselte Bachir Bah (74.') fir déi Blo-Wäiss ausgeglach.

Well déi Blo-Wäiss weder vun der spéider rouder Kaart fir de Weiler Golkipp Théo Sardou (86.‘), nach vun der gläichzäiteger Nidderlag vum Tabellenzweeten Gréiwemaacher beim CS Uewerkuer profitéiere konnten, bleiwen eis Jongen am Klassement weider op der drëtter Plaatz, matt engem Punkt Réckstand op den CSG.

Nächste Samschdeg, den 23.Mee ëm 18 Auer steet fir de Kont vum leschte Spilldag en Auswäertsmatch zu Sandweiler um Programm.