GLÄICHSPILL AN DER NOSPILLZÄIT
23rd May 2026
F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fotograféiert vum LZ

Eis éischt Ekipp huet um leschte Spilldag zu Sandweiler an der leschter Minutt nach e Punkt gerett – e Gläichspill, wat awer um Enn béide Veräiner net wirklech weiderhëlleft.
Nodeem d’Lokalekipp no enger halwer Stonn a Féirung gaang war, konnt de Yannick Goncalves an der Nospillzäit vun der zweeter Halbzeit per Fallrückzieher zum 1:1 ausgläichen (90+2.‘).
Wéinst dem gläichzäitege 5:0-Succès vu Gréiwemaacher géngt Jonglënster schléissen déi Blo-Wäiss d’Saison am Schlussklassement op enger alles an Allem formidabler drëtter Plaatz of. Iwerdeems muss Sandweiler de Wee an d'zweet Divisioun untrieden.
