COUPE-AUSLOUSUNG
17th August 2026
F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fotograféiert vum LZ

Am éischten Tour vun der Coupe de Luxembourg kritt eis éischt Ekipp et mam FC Minerva Lëntgen (1.Divisioun 1.Bezirk) ze dinn. Gespillt gëtt viraussichtlech sondes, de 06.September.
Fir eis zweet Ekipp steet en Auswäertsmatch zu Steesel (3.Klass) um Programm, dëst am Tour préliminaire vun der Coupe des Seniors Réserves. En Datum steet nach net fest.
Iwerdeems empfänken eis Dammen mëttwochs de 16.September d'Entente Suessem/Bieles aus der Ligue 3.