Skip to contentSkip to footer

F.C. Blo-Wäiss Izeg
Blo-Wäiss Izeg

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Umellen

DE PUNKTEKONT ASS OP

31st August 2026

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

Eis éischt Ekipp huet sech um zweete Spilldag onerwaart däitlech matt 4:0 géngt d’AS Red Black Lëtzebuerg duerchgesat, nodeem et an der Paus 2:0 stoung.

No enger knapper halwer Stonn hat den Noé Rischard déi Blo-Wäiss matt enger Energieleeschtung a Féirung bruet (27.‘), kuerz duerno konnt de Yannick Goncalves (35.‘) op 2:0 erhéijen.

An der zweeter Halschend huet eis Ekipp hire Virsprong matt vill Asaatz an Disziplin verteidegt, ier an der Schlussphas déi agewiesselt Dylan Mota (80.‘) an Liam Marangon (90+2.‘) den Deckel dropgemaach hunn.

Domatt waren 4 vun denen am Ganzen 8 Spiller, déi schonn an der Jugend vum FC Blo-Wäiss gespillt hunn an fir dëse Match nominéiert waren, fir d’Goler verantwortlech.

Nächsten Donnëschdeg, den 03.September ëm 20 Auer steet e weideren Heemmatch um Programm, wann am éischten Tour vun der Coupe de Luxembourg den FC Minerva Lëntgen um Stade Albert Kongs op Besuch ass.