LAST-MINUTE-GOL BRÉNGT DRÄI WEIDER PUNKTEN
10th September 2026
F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fotograféiert vum LZ

Duerch e „lucky punch“ an der Nospillzäit huet eis éischt Ekipp um drëtte Spilldag vum Championnat bei der Union Mertert-Waasserbëlleg eng 3:2 (1:0)-Victoire gefeiert.
Zwee Mol waren déi Blo-Wäiss duerch Goler vum Yannick Goncalves (8.') an Gaëtan Teixeira (66.') a Féirung gaang, béid Kéieren konnt d'Lokalekipp duerch Dobromir Bonev (60.‘) an Meris Agovic (90+4.', Elefmeter) ausgläichen.
Dat lescht Wuert haten awer d'Visiteuren duerch den Noé Rischard, deen an der 90+5.' Minutt de Match zu eise Gonschten entscheed huet
Nächste Sondeg, den 13.September ëm 16 Auer steet fir de Kont vum véierte Spilldag en Heemmatch géngt Menster um Programm.
