Skip to contentSkip to footer

F.C. Blo-Wäiss Izeg
Blo-Wäiss Izeg

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Umellen

DRËTTE SUCCÈS HANNERTENEEN

13th September 2026

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

Duerch en 4:0 (1:0)-Erfolleg um 4. Spilldag géngt Menster feiert eis éischt Ekipp am Championnat hir drëtt Victoire hannerteneen a verbessert sech am Klassement op déi drëtt Plaatz.

Virun der Paus hat den Abdul Bakari (17.‘) déi Blo-Wäiss per Kappball no engem Corner vum Gaëtan Teixeira a Féirung bruet. Kuerz nom Säitewiessel huet de Louis Gales matt engem ofgefälschte Schoss op 2:0 erhéicht (47.'), ier den Noé Rischard nach zwee Mol zougeschloen (59.‘ an 86.‘) a fir dat däitlecht Schlussresultat gesuergt huet.

Eréischt iwernächste Sondeg, den 20.September geet et weider matt engem Auswäertsmatch zu Suessem. Ustouss um Terrain an der Nidderkuerer Strooss ass ëm 16 Auer.