ENTSCHEEDUNG NO DER PAUS

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum LZ

image

Um fënnefte Spilldag huet eis éischt Ekipp sech matt 2:1 (1:0) zu Suessem duerchgesat a bleiwt doduerch am Klassement matt elo 12 Punkten op der drëtter Plaatz.

Béid Goler fir déi Blo-Wäiss huet den Noé Rischard (48.‘ a 65.‘) geschoss. Den Uschlossgol fir d’Lokalekipp an der 90.Minutt koum ze spéit, fir déi véiert Izeger Victoire hannerteneen nach ze verhënneren.

Nächste Sondeg, de 04.Oktober geet et weider matt engem Heemmatch géngt den Tabellefënneften Bartreng. Ustouss um Stade Albert Kongs zu Izeg ass ëm 16 Auer.