SERIE GERASS
4th October 2026
F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fotograféiert vum LZ

Eis éischt Ekipp huet sech um sechste Spilldag matt 1:4 (0:2) géngt Bartreng de Kierzere gezunn. Domatt hunn déi Blo-Wäiss, no véier Victoiren hannerteneen, mol rëm engkéier als Verléierer missen vum Terrain goen.
Bartreng hat schonn no enger halwer Stonn zwee Goler Avance. Den Uschlossgol vum Chani Westermann (58.‘) huet zwar kuerzzäiteg hoffe gelooss, an der Schlussphas (76.‘ an 90+4.‘) hunn awer d’Visiteuren fir kloer Verhältnësser gesuergt.
Nächste Sondeg, den 11.Oktober ëm 16 Auer geet et weider matt engem Auswäertsmatch zu Märel.
