GLÄICHSPILL GÉNGT MUTFERT
18th October 2026
F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fotograféiert vum LZ

No zwou Nidderlagen hannerteneen ass eis éischt Ekipp um 8. Spilldag géngt den Opsteiger Mutfert net iwert en 2:2 (1:1)-Gläichspill erauskomm.
Op d'Féirung vun de Visiteuren an der 19.Minutt huet de Gaëtan Teixeira nach virun der Paus mam Ausgläich fir déi Blo-Wäiss reagéiert (33.').
An der Schlussphas konnt den Noé Rischard (75.‘) de Match kuerzzäiteg fir d’Lokalekipp dréien, mee net laang duerno huet Mutfert zréckgeschloen (80.‘) an um Enn e Punkt matt heem geholl.
Nächste Sondeg, de 25.Oktober geet et weider matt engem Auswäertsmatch zu Minsbech. Ustouss um Stade Bissemt ass ëm 16 Auer.
