GESPILLT GËTT BIS ZUM SCHLUSS

F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fotograféiert vum JB

image

Um 10.Spilldag konnt eis éischt Ekipp no enger beispillloser „Remontada“ hire Match géngt den FC Schengen an der Nospillzäit dréien a matt engem 4:3 (0:3)-Succès vum Terrain goen.

Duerno hat et virun allem no der éischter Halschend net ausgesinn. Kuerz virun der Paus haten d’Visiteuren matt dräi Goler (42.‘, 44.‘ an 45+1.‘) e kloeren Virsprong erausgeschoss, hunn awer vun der 50.Minutt un wéinst enger giel-rouder Kaart an Ënnerzuel missen auskommen.

Den Uschlossgol vum Noé Rischard (68.‘) huet déi Blo-Wäiss nees hoffe gelooss, et huet awer bis an d’Schlussphas gedauert, ier d’Evenementer sech iwerschloen hunn an den Ado Skenderovic (88.‘ an 90+3.‘) matt zwee perséinleche Goler konnt ausgläichen. Nach méi spéit an der Nospillzäit huet de Gaëtan Teixeira de Schlusspunkt gesat (90+6.‘) a fir déi éischt Victoire no iwert engem Mount gesuergt. No zwou weidere rouden Kaarten an de Schlussminutten hunn d’Gäscht vu Schengen de Match matt 8 Mann misse fäerdegspillen.

Nodeem elo en Drëttel vun der Saison gespillt ass, stinn déi Blo-Wäiss am Klassement matt 17 Punkten op der sechster Plaatz.

Nächste Sondeg, den 08.November geet et weider matt engem Heemmatch an der Coupe FLF géngt den Zweetdivisionär Lasauvage. Ustouss um Stade Albert Kongs ass ëm 16 Auer.