NOSPILLZÄIT? KËNNE MIR!
8th November 2026
F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fotograféiert vum LZ

Am zweeten Tour vun der Coupe FLF huet eis éischt Ekipp sech no Verlängerung matt 6:4 géngt den Zweetdivisionär Lasauvage duerchgesat.
No engem fréien 0:2-Réckstand (7.‘ an 12.‘) konnte den Noam Carrara (31.‘) kuerzzäiteg fir déi Blo-Wäiss verkierzen, ier d’Visiteuren duerch e weidere Gol an der 42.Minutt matt engem 3:1-Virsprong an d’Paus gaang sinn. Spéitstens nom 2:3 vum Harnaut Beaubrun (62.‘) war et e Match op ee Gol – den Opwand gouf awer eréischt an der Nospillzäit belount, wéi den Ado Skenderovic de verdéngten Ausgläich markéiert huet (90+1.‘).
Am Géigenzuch konnt Lasauvage duerch e Sondesschoss nees matt 4:3 a Féirung goen (90+2.‘), dat lescht Wuert an der regulärer Spillzäit hat awer den Noé Rischard (90+3.‘), deen eis Jongen in extremis an d’Verlängerung gerett huet. Do sollt den Ado Skenderovic matt zwee weidere Goler (98.‘ an 99.‘) alles kloer maachen.
Ervirzehiewen ass, dass op Izeger Säit net manner wéi 9 Spiller am Asaatz waren, déi schonn an dene verschiddenen Jugendkategorien fir déi Blo-Wäiss gespillt hunn.
Nächste Sondeg, de 15.November geet et am Championnat weider matt engem Auswäertsmatch zu Schëffleng. Ustouss um Stade Rue Denis Nestgen ass ëm 16 Auer.
