NEGATIVLAF HÄLT UN


17 March 2024

Eis éischt Ekipp huet um 20. Spilldag géngt d’Union Käl-Téiteng matt 1:4 (1:1) de Kierzere gezunn.

De fréie Réckstand aus der 10.Minutt konnt de Yan Falkner zwar an der Nospillzäit vun der éischter Halbzeit nach ausgläichen, nom Säitewiessel hunn d’Visiteuren dunn duerch Goler an der 50.‘, 63.‘ an 86.‘  fir kloer Verhältnësser gesuergt.

EKIPP FC IZEG: Chenard, Almeida, Jacinto, Bousseau, Marques (65.‘ Perrey), Falkner, Myre, Sinanovic (65.‘ Skenderovic), Louadj, Fernandes, Yagremongo (85.‘ Faustino)

Dëse Mëttwoch, den 20.Mäerz ëm 20 Auer spillen déi Blo-Wäiss an der Aachtelsfinall vun der Coupe FLF beim FC Atert Biissen, aktuellen Tabellenéischten am éischte Bezirk vun der éischter Divisioun.

Nächste Sondeg, de 24.Mäerz steet de Championnatsmatch vum 21.Spilldag zu Kielen um Programm. Ustouss um Stade Albert Berchem ass ausnahmsweis eréischt ëm 17.15 Auer.