KNAPP NIDDERLAG ZU KIELEN


24 March 2024

Um 21.Spilldag vum Championnat huet eis éischt Ekipp hir véiert Nidderlag am sechste Match vun der Réckronn kasséiert. Zu Kielen stoung et um Enn 3:2 (2:1) fir d’Lokalekipp.
 
De Bruno Fernandes hat déi Blo-Wäiss no 23 Minutten per Kappball a Féirung bruet, mee Kielen konnt duerch Goler an der 30.‘ an 45.Minutt matt enger Féirung an d’Paus goen. Nom Säitewiessel stoung et no 57 Minutten 3:1, ier den agewiesselten Noé Rischard nach eemol fir Hoffnung op Izeger Säit gesuergt huet (76.‘).
 
Déi Blo-Wäiss hunn de Match zu 9 fäerdeggespillt, nodeem Filipe Almeida (40.‘ rout Kaart) an Ademir Skenderovic (90.‘ giel-rout Kaart) virzäiteg hu missen vum Terrain goen.
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Skenderovic, Almeida, Jacinto, Bousseau, Perrey, Dos Reis, Myre, Louadj, Fernandes, Yagremongo (Reserve: Milla, Rischard, Faustino, Marques, Ribeiro)
 
Nächste Samschdeg, den 30.Mäerz steet de Championnatsmatch vum 22.Spilldag géngt Märel um Programm. Ustouss um Stade Albert Kongs zu Izeg ass ëm 18.00 Auer.