ENG HAART NOSS


08 April 2024

Um 23.Spilldag ass de Knuet geplatzt! Eis éischt Ekipp konnt sech beim Tabelleleschten Luna Uewerkuer matt 2:1 (0:0) duerchsetzen an domatt hir éischt Victoire an der Réckronn verbuchen.
 
Nodeem déi Blo-Wäiss an der éischter Halschend déi eng oder aner gudd Chance net notze konnten, huet d’Lokalekipp et kuerz no der Paus besser gemaach an ass no 54 Minutten matt 1:0 a Féirung gaang. Eis Jongen hunn awer de Kapp net hänke gelooss a sinn kuerz duerno duerch de Bruno Fernandes (60.‘) zum Ausgläich komm.
 
Eng brutal Aktioun géngt de Semir Louadj huet der Luna an der 67.‘ eng rout Kaart abruet, an nëmmen zwou Minutte méi spéit hunn d’Visiteuren vun hirer Iwerzuel profitéiert, fir duerch en Distanzschoss vum Paul Schroeder de Match fir sech ze entscheeden.
 
Bravo Männer!
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Almeida, Skenderovic, Bousseau, Marques (78.‘ Jacinto), Dos Reis, Myre (78.‘ Sinanovic), Louadj, Schroeder, Fernandes, Yagremongo
 
Dëse Mëttwoch, den 10.Abrëll steet den Nodrosmatch vum 14.Spilldag zu Koplëscht um Programm. Ustouss um Terrain an der Rue de Mersch ass ëm 20.00 Auer.