DRÄI PUNKTEN AM VÉIERTEN ULAF


10 April 2024

Nodeem d’Partie wéinst dem schlechten Zoustand vum Terrain dräimol ofgesot gi war, haten déi Blo-Wäiss am véierten Ulaf de bessere Start a sinn no 11 Minutten duerch de Sabin Yagremongo a Féirung gaang. Kuerz virun der Paus konnt d‘Lokalekipp no engem Corner ausgläichen (43.‘).
 
An engem enke Match huet schlussendlech de Semir Louadj an der 73.‘ den decisiven zweeten Izeger Gol markéiert. Am Klassement stinn eis Jongen matt elo 33 Punkten weiderhin op der 9.Plaatz an hunn den Ofstand op d’Barragenplaatzen op 12 Punkten ausgebaut.
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Almeida, Jacinto, Skenderovic (57.‘ Ribeiro), Bousseau, Falkner, Dos Reis, Milla (46.‘ Gales), Louadj, Yagremongo (88.’ Rischard), Fernandes
 
Nächste Sondeg, den 14.Abrëll steet de Championnatsmatch vum 25.Spilldag géngt Jonglënster um Programm. Ustouss ass ëm 16 Auer um Stade Albert Kongs zu Izeg.