NIDDERLAG AM TEST ZU MAMER


18 July 2021

An hirem éischte Match säit 277 Deeg huet eis éischt Ekipp sech haut am Test zu Mamer missen däitlech geschloen ginn. Nodeem déi Blo-Wäiss matt engem knappe Réckstand an d'Paus gaang waren, stoung et um Enn 5:0 fir d'Lokalekipp.

An enger ausgeglachener éischter Halbzeit war Mamer no enger halwer Stonn a Féirung gaang. Eréischt an der Schlussphas vum Match konnt de Vertrieder aus der Éirepromotioun (79.' Elefmeter, 88.', 90.' an 90+1.') nach véier Mol markéieren.

EKIPP FC IZEG:
Chenard, Y.Cillien, Merino (72.' J.Cillien), Tacchi, Almeida (46.' Jacinto), Marques (46.' Matteagi), Dos Reis (62.' Makhloufi), Mehanovic (75.' Van Nugteren), Costa (46.' Faria), Perkovic (46.' Falkner), Boutarene