SAISONOPTAKT BEI DEN DAMMEN


27 August 2021

No bal dräi Méint Paus start dëse Weekend och eis éischt Dammenekipp an déi nei Saison.
 
Matt hirem neien Trainer Bruno Monteiro trëtt d'Entente Izeg/Cebra muer den Owend ëm 19 Auer zu Dikrech un.
 
Schonn nächsten Dënschdeg, den 31.August ëm 20 Auer steet am éischten Tour vun der Coupe des Dames en Heemmatch géngt Bartreng um Programm, ier et samschdes, de 4.September ëm 19 Auer am Championnat matt engem weideren Heemmatch géngt Ell weidergeet.
 
#ICC