ÉISCHT VICTOIRE FIR D'ZWEET EKIPP
22 September 2021
Um zweete Spilldag konnt eis zweet Ekipp hir éischt Victoire feieren. No der 0:3-Optaktnidderlag zu Rodange gouf et gëscht Owend géngt Schuller en däitlechen 5:1-Succès.
Schonn virun der Paus haten Max Neu (2), Pit Ziebart, Gabriel Kemelharen an Jason da Costa fir en däitlechen 5:0-Virsprong gesuergt. Iwerdeems hat Schuller souwuel an der éischter (7.') wéi och an der zweeter Halbzeit (75.') en Elefmeter verschoss.
EKIPP FC IZEG: Manzoni, Simoes, Merino, Couto, Ribeiro, Cornes, Rocha, Neu, Gales, Ziebart, Kemelharen
Reserve: Denauw, Demukaj, Lambert, Ferreira
Schonn dëse Freideg, de 24.September spillen déi Blo-Wäiss hiren nächsten Championnatsmatch ëm 20 Auer zu Käerch.