DAMMEN - WEEKEND OUNI PUNKTEN


24 April 2022

Eis éischt Dammenekipp huet sech um 22.Spilldag géngt Jonglënster matt 1:3 misse geschloë ginn. An der éischter Halbzeit haten d'Visiteuren d'Partie ënner Kontroll a sinn matt engem 2:0-Avantage an d'Paus gaang.
 
Nom Säitewiessel war d'Entente Izeg/Cebra besser am Match an huet sech och nom 3.Gol fir Jonglënster net decouragéiere gelooss. De verdéngten 1:3 fir eis Meedercher huet d'Tania Pedrosa kuerz viru Schluss geschoss.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA: Schlimé, K.Noesen, Boutellaka, Raos, Kieffer, Goncalves, Zarnowski, Morgado, J.Lopes, Clerc, Amalou
Reserve: Pedrosa, L.Noesen, C.Soares, R.Lopes, Silva

Och fir eis zweet Ekipp gouf et leider keng Punkten. Zu Steesel stoung et no 90 Minutten 1:0 fir d'Lokalekipp.
 
#icc