EIS POUSSINS BEI DER FLF AM ASAATZ
27 April 2022
Eis Poussins waren dëse Mëttwoch zu Käerjéng engagéiert, wou d'FLF am Kader vun der Reform vum Jugendchampionnat den neie Spillmodus presentéiert huet, deen fir d'Saison 2022/23 agefouert gëtt.
Zesummen matt den Alterskollegen vu Biwer, Märel a Käerjeng huet den Izeger Nowuess dobei e gudden Androck hannerlooss an den FC Blo-Wäiss éierbar vertrueden.