AN DER SCHLUSSPHAS E PUNKT GERETT
30 April 2022
Eis éischt Ekipp huet um 27.Spilldag am Heemmatch mam CS Suessem 1:1 gläichgespillt.
No der fréier Féirung vun de Visiteuren (4.') konnt de Yannick Goncalves an der 78.Minutt ausgläichen a senger Ekipp nach e Punkt retten.
Den FC Blo-Wäiss Izeg wënscht op dëser Plaatz dem Suessemer Trainer Victor Lobo eng séier a virun allem gudd Besserung!
EKIPP FC IZEG: Chenard, Almeida, Jacinto, Boutarene, Y.Cillien, Costa (88.' B.Mehanovic), Dos Reis, Marques (46.' Tacchi), H.Mehanovic, Gales (70.' Faria), Goncalves
Nächste Freideg, de 06.Mee trieden déi Blo-Wäiss ëm 20 Auer am Stade „Op Flohr“ beim Tabellenéischten zu Gréiwemaacher un.