DAMMEN - GLÄICHSPILL ZU BEETEBUERG
05 May 2022
An engem Nodrosmatch vum 16.Spilldag huet eis éischt Dammenekipp bei hirem Tabellennoper zu Beetebuerg 1:1 (0:0) gläichgespillt.
Kuerz no der Paus war d'Entente Izeg/Cebra duerch d'Majda Boutellaka a Féirung gaang (47.'), Beetebuerg konnt awer nëmmen fënnef Minutte méi spéit ausgläichen.
Am Klassement bleiwen eis Meedercher matt elo 30 Punkten op der 7.Plaatz.
EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA: Schlimé, Kieffer (75.' Faridi), Pedrosa (46.' Weis), K.Noesen, Boutellaka, Morgado (68.' J.Lopes), L Noesen, Clerc, Amalou, Zarnowski, Soares
Dëse Samschdeg, 07.Mee geet et weider matt engem Heemmatch géngt Hesper. Ustouss um Stade Albert Kongs zu Izeg ass ëm 19 Auer.
#icc