SENIORS 1 - EIS GÉIGNER STI FEST


05 July 2022

D'Géigner vun eiser éischter Ekipp am Championnat 2022/23 sti fest. Wéi schonn déi lescht Saison spillen déi Blo-Wäiss am zweete Bezirk vun der éischter Divisioun géngt Bartreng, Cebra, Käl-Téiteng, Menster, Red Black-Egalité, Réimech-Bus, Sandweiler, Suessem, Walfer a Wuermer.
 
Dobäi kommen déi zwee Ofsteiger aus der Éirepromotioun US Esch a Mertert-Waasserbëlleg souwéi d'Opsteiger aus der zweeter Divisioun Bieles, Märel a Schengen.
 
Den éischte Spilldag ass den 21.August, de genaue Spillplang steet nach aus.